Äerdbiewen

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

En Äerdbiewen entsteet duerch Beweegunge vun de risege Placken op der Äerdlithosphär. Äerdbiewen an de Mierer ginn och nach Séibiewe genannt. Pro Joer gëtt et ongeféier iwwer eng Millioun Äerdbiewen, woubäi een déi mannst awer mierkt. Anerer sinn awer sou staark, datt ganz grouss Schied dobäi entstinn.

Entstoe vun Äerdbiewen[änneren | Quelltext änneren]

Äerdbiewen entstinn duerch dynamesch Prozesser an der Äerd. D'Placke reiwe laanschteneen wouduerch sech Schockwellen, sougenannt seismesch Wellen, duerch de Buedem ausbreeden. Déi Biewe gi vun engem ënnerierdesche Punkt aus, engem Hypozentrum. Dee ka bis zu 700 m déif an der Äerd leien. Nëmme wann déi Biewe bis un d'Äerduewerfläch eropkommen, entsti Schied. D'Schockwelle breede sech dann a Form vun engem Krees vun engem Punkt aus, deen direkt iwwer dem Hypozentrum aus. Dee Punkt gëtt Epizentrum genannt.

Stäerkte vun Äerdbiewen[änneren | Quelltext änneren]

Déi 10 stäerkst Äerdbiewen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Grousst Chile-ÄerdbiewenChile, 22. Mee 1960: 9,5
  2. Prince William Sund (Alaska), 28. Mäerz 1964: 9,2
  3. Andreanof Islands (Alaska), 9. Mäerz 1957: 9,1
  4. Äerdbiewen am Indeschen Ozean – viru Sumatra, 26. Dezember 2004: 9,0
  5. Kamtschatka (Russland), 4. November 1952: 9,0
  6. Tōhoku (Japan), 11. Mäerz 2011: 9,0 mat der uschléissender Fukushima-Katastroph
  7. Äerdbiewe virun Ecuador, 31. Januar 1906: 8,8
  8. Äerdbiewe virun Nord-Sumatra, 28. Mäerz 2005: 8,7
  9. Rat Islands (Alaska), 4. Februar 1965: 8,7
  10. Assam (Indien), 15. August 1950: 8,6

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Äerdbiewen – Biller, Videoen oder Audiodateien