Äerdmodell

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Als Äerdmodell gëtt an de Geowëssenschafte eng mathematesch Duerstellung vun der Äerdfigur oder e mathematesch-physikalescht Modell vum Äerdkär bezeechent. Wann een d’Ofwäichunge vun de Modelleegeschafte vum tatsächlechen Äerdkierper ënnersicht, léisst sech d’Aerdfigur an dat Bannescht vun der Äerd schrëttweis ëmmer méi genee erfuerschen.

Eegeschafte an Phenomene, déi fir dës Analys gebraucht ginn, sinn ënner anerem:

An der Geodesie ginn passend gewielte, op méiglechst wéineg Parameter reduzéiert Äerdmodelle och als Bezuchssystem fir Koordinate un der Äerduewerfläch gebraucht, souwéi fir kuerzfristeg geodynamesch Virgänge an laangunhalent Beweegunge (z. B. Kontinentaldrift).

An der Gravimetrie an Seismologie dengen Modeller vun den déiwen Äerdschichte zu der Feststellung vun Anomalië an hirer Lagerung, Dicht, Elastizitéit oder Zesummesetzung. D’Ugewante Geophysik kann duerch Interpretatioun vu Schwéieranomalië oder seismescher Reflexe op ënnerierdesch Lagerstätt schléissen, während déi Theoretesch Geophysik an d’Äerdmiessung (Astronomesch an Physikalesch Geodesie) duerch Vergläich vu Modell an Observatioune de groussräimegen Opbau vum Äerdkierper a säi Verhalen als Planéit erfuersche kann.

Kuckt och [änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie