Äerdno Objeten

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Äerdno Objeten (engl. Near-Earth object; NEO), sinn Asteroiden, Koméiten a grouss Meteoroiden, déi op hirer Bunn ronderëm d'Sonn, d'Äerdbunn kräizen an doduerch eng Kollisiounsgefor sinn. Fir där Gefor aus de Féiss kënnen ze goen, si genee Kenntnesser iwwer déi Objeten noutwendeg.

Inhaltsverzeechnes

Klassifikatioun vun äerdnoen Objeten [änneren]

No Aart a Gréisst ginn dës Objeten ënnerdeelt an:

Meteoroide si méi grouss wéi den interplanetare Stëbs, mä méi kleng wéi Asteroiden, woubäi et awer weder vun der Gréisst nach vun der Zesummesetzung hir eng eendäiteg an eenheetlech Grenz tëschent de béiden Objetaarte gëtt.

D'Asteroiden an Meteoroiden zielen zesumme mat de Koméiten zu de Klengkierper vum Sonnesystem.

Himmelsiwwerwachung [änneren]

No dem Aschlag vum Koméit Shoemaker-Levy 9 1994 um Jupiter krut d'NASA vum amerikaneschen Kongress den Optrag, all d'Objeten, déi méi wéi 1 km Duerchmiesser hunn, an déi Äerdbunn kräizen ze katalogiséieren. Dëst soll duerch speziell Programmer fir d'Himmelsiwwerwaachung, wéi LINEAR, LONEOS, NEAT oder Spacewatch, erreecht ginn. Den Aschlag vun engem Meteorit vun där Gréisstenuerdnung wier lokal eng Katastroph an hätt och global eescht Auswierkungen. Am Moment si ronn 500 Objete vun där Gréisst bekannt. No der Meenung vun Experten ass dat awer nëmmen d'Hallschent vun den äerdnoen Objete vun där Gréisst.

Um Projet Spaceguard schaffen am Moment d'USA an déi Europäesch Unioun zesummen. Mat Abannung vun engem australeschen Teleskop gouf d'Iwwerwaachung op de kompletten Himmel ausgebreet. Déi europäesch ODAS-Himmelsiwwerwaachung huet missen 1999 wéinst finanzielle Kierzungen agestallt ginn.

Risikoofschätzung [änneren]

Et gëtt zwou Andeelungen fir d'Klassifizéierung vum Aschlagsrisiko:

Turiner Skala [änneren]

2003 gouf fir déi zwéi äerdno Asteroiden 2003 QQ47 an 1997 XR2 e Risiko gréisser Null festgestallt. Alle béid sinn an d'Geforestuf 1 ageschriwwen. No méi geneeë Bunnmiessungen am Joer 2005 gouf dem Objet (99942) Apophis (2004 MN4) als éischtem eng Risikostuf méi grouss wéi 1 zougewisen, kuerzfristeg war den Asteroid souguer an den Niveau 4 opgeholl ginn. Tëschent Februar a Mee 2006 gouf 2004 VD17 op der Turiner Skala mat 2 agestuft, hie war domat eréischt den zweeten Asteroid, deen e Wäert vun iwwer 1 op der Turiner Skala erreecht huet.

Palermoskala [änneren]

Bis elo ass een äerdnoen Objet mat engem Risiko méi grouss wéi Null bekannt; fir (29075) 1950 DA gëtt en enke Rendezvous am Joer 2880 virausgesot. Sollt et zu engem Aschlag vun dësem Objet kommen, kënnt e Massestierwen d'Folleg sinn, bei deem déi meeschte Liewensformen op der Äerd ausgeläscht géifen.

Noste Rendezvous [änneren]

  • Den Objet, deen eis bis elo am noste koum, war 2004 FU162. Dat war den 31. Mäerz 2004 mat nëmme 6.500 km Ofstand zu eiser Äerd, huet awer keng Gefor duergestallt, well den 2004 FU162 een Duerchmiesser vu ronn 6 m opweist.
  • Deen zweetnoste war den 19. Dezember 2004 duerch 2004 YD5 (5 m Duerchmiesser) op enger Distanz vu 35.000 km.
  • Den 18. Mäerz 2004 ass um 23:08 Auer  MEZ den Asteroid 2004 FH passéiert, e Fielsbrocke mat ronn 30 Meter Duerchmiesser, säin Ofstand zu de Äerd war nëmmen 43.000 Kilometer.
  • Den 2. Mäerz an den 18. Mäerz 2009 um 13:17 Auer MEZ hunn d'Asteroiden 2009 DD45 (21–47 m Durchmesser) resp. 2009 FH (13–29 m) d'Äerd op enger Distanz vu nëmme 70.000 resp. 80.000 km passéiert. Déi béid Asteroide goufen eréischt een Dag virdrun entdeckt.
  • Den 13. Abrëll 2029 passéiert deen 270 m groussen (99942) Apophis (2004 NM4) d'Äerd op enger Distanz vun ongeféier 30.000 km.

Kuckt och [änneren]

Literatur [änneren]

  • Andrea Milani: Near earth objects, our celestial neighbors - opportunity and risk. Cambridge Univ. Press, Cambridge 2007, ISBN 978-0-521-86345-2
  • John L. Remo: Near-earth objects - the United Nations international conference. New York Acad. of Sciences, New York 1997, ISBN 1-57331-041-7

Um Spaweck [änneren]