Äerdnoen Asteroid
Als äerdno Asteroiden (engl. Near-Earth asteroid; NEA) ginn Asteroide bezeechent, déi no bei d'Äerd komme kënnen. Si bewege sech net wéi déi meescht Asteroiden an der Asteroidenceinture ëm d'Sonn, mä am Beräich vun de bannenzege Planéiten. D'Zesummesetzung vun den äerdnoen Asteroiden entsprécht awer der Zesummesetzung vun aneren Haaptceinture-Asteroiden.
Als éischte vun dësen ongewéinleche Klengplanéite gouf 1898 als Nummer 433 den hantelfërmegen Eros entdeckt. Bei Bunnradien tëschent 1,13 an 1,78 AE (Mars: 1,43–1,61 AE) koum hie bis op 0,15 AE un d'Äerd erun (58 Mounddistanze) an war 1900 an 1931 eng Hëllef bei der geneeër Vermiessung vum Sonnesystem. 2000 koum et zu engem Rendez-Vous mat der Raumsond NEAR. 1911 hat de Johann Palisa Nr. 719 Albert (1,19–4 AE) entdeckt, deen awer eréischt 2000 erëmfonnt gouf. Wéi viru 70 Joer weider „opfalend“ Bunnen entdeckt goufen, gouf domat ugefaange se ze typiséieren.
Wéinst der héijer kinetescher Energie vu groussen Asteroiden resp. der héijer Zuel vun de klengen, besteet een net onerhiefleche Risiko vun engem Aschlag op eiser Äerd. Nei Objete ginn typescherweis duerch CSS, NEAT, LONEOS, CINEOS, Spacewatch oder LINEAR fonnt.
Inhaltsverzeechnes |
Opdeelung[änneren]
Déi äerdno Asteroide ginn no der Längt vun hirer grousser Bunnhallefachs an dem Perihel an Aphel ënnerdeelt.distanzen.[1]
Asteroide vum Amor-Typ hu Bunnhallefachsen baussenzeg vun der Äerdbunn an de Bunnexzentrizitéiten, déi net duerginn fir awer e Perihel bannent der Äerdbunn z'erreechen. Si ginn nom Asteroid (1221) Amor genannt, deen 1932 entdeckt gouf a sech op engem Ofstand vun 1,08–2,76 AE ëm d'Sonn beweegt. De nosten Ofstand zu der Sonn – de Perihel – ass bei deem Bunntyp tëschent 1,017 an 1,3 AE. D'Amor-Asteroide kräizen also net d'Äerdbunn, kënnen hir awer vu baussen no kommen. Fréier Vertrieder vun där Grupp sinn den 1898 entdeckten (433) Eros, dee bis op 0,15 AE un d'Äerdbunn erukoum, souwéi de (719) Albert an den (887) Alinda. De gréisste Vertrieder vun där Grupp ass mat 38 km Duerchmiesser den Asteroid (1036) Ganymed.
D'Asteroide vum Amor-Typ loosse sech jee no Längt vun hire Bunnhallefachsen a véier Ënnergruppen andeelen:
- Amor I: Zu dëser Grupp gehéieren d'Amor-Asteroiden, deenen hir Hallefachsen tëschent Äerd- a Marsbunn (1–1,52 AE) leien. Ausserdeem hunn Amor-I-Objete déi klengsten Exzentrizitéit vun allen Asteroiden vum Amor-Typ. Wéinst deene Bunneegeschafte kräizen verschiddener vun dësen Objete net d'Marsbunn. Amor-I-Asteroiden, déi eng Bunnhallefachs no bei der Äerdbunn hunn, huele wéinst der relativ klenger Exzentrizitéit eng äerdähnlech Ëmlafbunn un a ginn doduerch och zu den Arjuna-Asteroiden gezielt. Knapps 20 % vun allen Amor-Asteroide gehéieren zum Amor-I-Typ.
- Amor II: D'Hallefachse vun den Objete vun deem Subtyp leien tëschent der Marsbunn (1,52 AE) an dem bannenzege Rand vun der Haaptasteroidenceinture bei 2,12 AE an hir Bunnen hunn Exzentrizitéite vun 0,17 bis 0,52. Si kräizen dofir d'Marsbunn, an hiren Aphel läit meeschtens banne vun der Asteroidenceinture. Ongeféier een Drëttel vun den Amor-Asteroide gehéieren zu där Grupp, dorënner och deen, no deem d'Grupp genannt gëtt, den (1221) Amor.
- Amor III: Amor-III-Asteroiden hunn Hallefachsen, déi mat Längten tëschent 2,12 an 3,57 AE banne vun der Asteroidenceinture leien. Allerdéngs sinn hir Exzentrizitéiten (0,4–0,6) grouss genuch, datt hire Perihel an der Géigend vun der Äerdbunn, an hiren Aphel bis zu engem AE zum Jupiter leie kann. Zu där Grupp gehéiere ronn d'Hallschent vun allen Objete vum Amor-Typ. Dorënner och de gréissten Amor-Asteroid (1036) Ganymed. Verschidde Memberen vun der Amor-III-Grupp stinn an 3:1-Resonanz zum Jupiter a ginn dofir zu den Alinda-Asteroide gezielt, zu deenen och e puer Apollo-Asteroide gehéieren.
- Amor IV: Zu där Grupp gehéieren Amor-Asteroiden deenen hir Hallefachs déi aner Säit vun der Asteroidenceinture läit. Wéinst hiren héijen Exzentritéiten (0,65–0,75) féiert hir Bunn si souwuel an Äerdbunngéigend wéi och a Gebidder baussen der Jupiterbunn. De bekannteste Vertrieder ass den Asteroid (3552) Don Quixote.
Apollo-Typ[änneren]
Objekt mat Bunnhallefachse > 1 AE an Periheldistanze vun < 1,017 AE ginn no dem (1862) Apollo als Apollo-Asteroide bezeechent. Si kënnen d'Äerdbunn kräizen, wat jee no Bunnniveau en Aschlagrisiko bedeit.
Bunnbestëmmunge hunn gewisen, datt d'Asteroide vun der Haaptceinture duerch gravitativ Stéierunge vum Jupiter op Apollo-Bunnen iwwergoe kënnen. E Beispill dofir sinn Alinda-Asteroide, zu deenen e puer Objete vum Apollo-Typ wéi z. B. (4179) Toutatis gehéieren. Si bewege sech an 3:1-Resonanz zu Jupiter a ginn sou an hirer Bunn gestéiert, wouduerch d'Exzentrizitéite vun dësen Objete stänneg erhéicht ginn, bis d'Resonanz bei engem Rendez-vous un ee vun de banneschte Planéite opgeléist gëtt. Och wann dat duerch d'Venus geschitt, entsteet eng Bunn vum Apollo-Typ, well d'Definitioun schléisst kleng Perihel-Distanze net aus.
De gréissten Apollo-Asteroid ass den (1866) Sisyphus mat 8,5 km Duerchmiesser. Weider bekannt Vertrieder sinn (2101) Adonis an (69230) Hermes, deen 1937 an 1,5-facher Mounddistanz laanscht d'Äerd gezunn ass an duerno als verscholle war, bis hien am Joer 2003 zréckfonnt gouf. 1990 waren 63 Apollo-Asteroide bekannt, 1999 schonns 415, am November 2003 1190, an den 30. Dezember 2010 4111.
Aten-Typ[änneren]
Asteroide vum Aten-Typ hunn Bunnhallefachsen < 1 AE an Aphel-Distanze gréisser wéi 0,9833 AE, d'Perihel-Distanz vun der Äerd. Si sinn also och Äerdbunnkräizer. Etlech Aten-Asteroide hunn e Perihel, da banne vun der Venus- oder souguer vun der Merkurbunn läit. Si zielen dann zu de Venus- resp. Merkurbunnkräizer.
Den 0,9 km grousse Nummgiewer vun der Typklass, (2062) Aten, gouf 1976 entdeckt a kënnt op senger Bunn (0,79–1,14 AE) der Äerd all 10.000 Joer ziemlech no. Weider bekannt Vertrieder sinn den (2100) Ra-Shalom, (2340) Hathor an den (3753) Cruithne.
1990 hat ee 9 Stéck kannt, 1999 waren et 60 an am November 2003 196 Asteroide vun dësem Typ. Den 30. Dezember 2010 waren 678 Aten-Asteroide bekannt.
Atira-Typ[änneren]
Eng nach relativ kleng Grupp vun Asteroiden, déi komplett bannenzeg vun der Äerdbunn lafen (Inner Earth Objects) an doduerch schwéier z'entdecke sinn. Bis op ee si se all méi grouss wéi 300 m (Stand: 2011):
- (163693) Atira
- (164294) 2004 XZ130
- 1998 DK36
- 2004 JG6
- 2005 TG45
- 2006 KZ39
- 2006 WE4
- 2007 EB26
- 2008 EA32
- 2008 UL90
- 2010 XB11
Arjuna-Asteroiden[änneren]
Arjuna-Asteroiden stellen eng rar Form vun äerdnoen Asteroiden duer a gehéieren zu enger vun de véier virdru beschriwwenen Typklassen. Si bewege sech op enger äerdähnlecher Ëmlafbunn mat enger synodescher Period vu méi wéi zéng Joer.
Sonnenno Asteroiden[änneren]
Verschiddener vun dëse Klengkierper hunn hire sonnennächste Punkt banne vun der Venus- oder souguer banne vun der Merkurbunn.
Den 30. Dezember 2010 ware 1746 Asteroide bekannt, déi d'Venusbunn schneiden. 507 dovun hunn hire sonnenächste Punkt banne vun der Merkurbunn. Bekannt Vertrieder sinn:
- (1566) Icarus (1949 entdeckt; Distanz vun der Sonn: 0,19–1,97 AE)
- de koméitenartege, vum IRAS 1984 entdeckten (3200) Phaethon (0,14–2,40 AE). Am Perihel huet hien eng Vitesse vun 200 km/s an trotz den Temperaturen vun 600 °C keng Emissioun (ESA 2002), wéi d'Koméiten.
No Rendez-vousen an Aschléi[änneren]
- Den Apollo-Asteroid (29075) 1950 DA war den éischten Objet, fir deen e positive Wäert op der Palermo-Skala fir Aschlagsrisiken ermëttelt gouf.
- Den Aten-Asteroid (99942) Apophis wäert mueres den 13. Abrëll 2029 knapp 30.000 km laanscht d'Äerd fléien. Fir dëse Rendez-vous louch am Dezember 2004 d'Astufung op der Turiner Skala fir wéineg Deeg bei 4, ee bis elo net méi erreechte Wäert.
- Deen nëmme ronn sechs Meter klengen Aten-Asteroid 2004 FU162 koum den 31. Mäerz 2004 bis op 6.500 km un d'Äerd erun.
- 2008 TC3 war den éischten Asteroid, fir deen eng Kollisioun mat der Äerd korrekt virausgesot gouf. De 4 m klengen Objet gouf de 6. Oktober 2008 nach hannert der Moundbun entdeckt a war 20 Stonne méi spéit bal komplett an der Atmosphär vergloust.
Kuckt och[änneren]
Literatur[änneren]
- C. T. Russell: The Near Earth Asteroid Rendezvous Mission. Kluwer Acad. Publ., Dordrecht 1997, ISBN 0-7923-4957-1.
- Pierre Vernazza, et al.: Compositional differences between meteorites and near-Earth asteroids. Nature 454, 858-860 , 14 August 2008.Abstract
- PART III--Near-Earth Objects in: John S. Lewis et al.: Resources of Near Earth Space. University of Arizona Press, Tucson 1993, ISBN 0-8165-1404-6.
Um Spaweck[änneren]
| Commons: Äerdno Asteroiden – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (en) IAU Minor Planet Center (MPC)
- (en) Closest Approaches to the Earth by Minor Planets (MPC)
- (en) Unusual Minor Planets (MPC)
- (en) The Near-Earth Asteroids Data Base (E.A.R.N.)
- (en) The Spaceguard survey : Discovery statistics at the end of 2007
- (en) Mission to a Potentially Threatening Asteroid – David Morrison, Lecture SETI Institute, 1. Juli 2009 (YouTube Video)
Referenzen[änneren]
- ↑ NEO GROUPS neo.jpl.nasa.gov (abgerufen am 2. September 2010)