Äerzbistum Lëtzebuerg
| Dëse Reliouns- a Glawensartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Bistum Lëtzebuerg ass 1870 als en onofhängege Bistum gegrënnt ginn, deen direkt dem Hellege Stull ënnersteet, nodeems schonn 1840 en eegestännegt Apostolescht Vikariat geschafe gouf, dat de Grenze vu Groussherzogtum Lëtzebuerg vun 1839 entsprach huet.
Am Joer 1873 huet Lëtzebuerger Staat d'Diözes Lëtzebuerg och unerkannt[1]. Eréischt zënter 1981 ass d'Bistum Lëtzebuerg och eng personne juridique de droit public[2].
Lëtzebuerg ass vum Poopst Jean-Paul II. 1988 zu enger Äerzdiözes erhuewe ginn; den Äerzbëschof vu Lëtzebuerg ass zënter 2011 de Jean-Claude Hollerich.
Inhaltsverzeechnes |
Nuntie fir d'Diözes Lëtzebuerg [änneren]
D'Nuntiatur fir Lëtzebuerg gouf 1910 als Internuntiatur gegrënnt, dunn den 9. Mee 1969 an de Rang vun enger Nuntiatur versat. Bis haut gëtt Lëtzebuerg duerch den Apostoleschen Nuntius aus der Belsch mat verwalt.
- 1916–1918 Internuntius Achille Locatelli, Titularerzbëschof vun Thessaloniki
- 1923–1946 Internuntius Clemente Micara, Titularerzbëschof vun Apamea a Syrien
- 1946–1953 Fernando Cento, Titularerzbëschof vu Seleucia Pieria
- 1953–1962 Efrem Forni, Titularerzbëschof vun Darnis
- 1962–1969 Internuntius Silvio Angelo Pio Oddi, Titularerzbëschof vu Mesembria
- 1969–1983 Igino Eugenio Cardinale, Titularerzbëschof vun Nepte
- 1983–1989 Angelo Pedroni, Titularerzbëschof vun Novica
- 1989–1999 Giovanni Moretti, Titularerzbëschof vu Vartana
- 1999–2002 Pier Luigi Celata, Titularerzbëschof von Doclea
- 2003–2009 Karl Josef Rauber, Titularerzbëschof vun Iubaltiana
- zënter 2009 Giacinto Berloco, Titularerzbëschof vu Fidenae