Äisch

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Äisch
D'Äisch tëscht der Léisbech an der Simmerschmelz
Land Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Längt 49,6 km
Héicht vun der Quell 355 m
Leeft an Uelzecht
Floss - Hydrologie
D'Äisch op "Dräi Brécken" bei Äischen

D'Äisch ass eng belsch-lëtzebuergesch Baach, déi hir Quell zu Séilen [1] an der Belsch no un der lëtzebuergescher Grenz huet, oder zu Féngeg [2] [3]

No ongeféier 1800 m an der Belsch leeft se hanner Kënzeg mat der Millebaach zesummen, tëschent de Grenzmaarken LB 057 an LB 058. Vun do un huet se hiren offiziellen Numm a si mécht d'Grenz bis bei d'Maark LB 061, wou se ganz op lëtzebuergeschem Terrain weiderleeft. E puer honnet Meter viru Grass leeft lénks d'Grendelbaach dran. Si leeft da weider laanscht Koler, hei gëtt se riets vun der Eiselbaach gefiddert, éier se an d'Stengeforter Gemeng kënnt. Bei Hoen leeft lénks d'Kolerbaach dran, si dréint no Westen fir bei der Grenzmaark LB 082 erëm op déi belsch-lëtzebuergesch Grenz ze stoussen, vu wou un se erëm d'Grenz mecht bis bei d'Maark LB 086.

Si leeft duerno duerch Äischen. Hei kritt se op der lénkser Säit d'Bech an d'Millebaach bei. Bei der Kempemillen just virun Habscht kënnt vu lénks d'Haardebaach derbäi. Hanner Habscht gëtt den Dall méi enk a si leeft weider a Richtung Simmer. Tëschent Simmer a Rued leeft nach lénks Léisbech dran, zu Rued selwer ass et lénks d'Mëlleschbaach, gläich duerno d'Dondelerbaach (riets) zu Aansebuerg ass et d'Holertsbaach déi lénks draleeft a bei Huelmes d'Kalbaach (lnks). Da leeft se weider no Nord-Osten op Miersch do kënnt nach lénks d'Reckenerbaach dran an hanner Miersch leeft si selwer an d'Uelzecht.

Den Héichtenënnerscheed vun der Quell bis op d'Mëndung ass 160 m.

[änneren] Nieweflëss vun der Äisch

[änneren] Uertschafte laanscht d'Äisch

[änneren] Millen an aner Installatiounen un der Äisch

[änneren] Kuckt och

Commons: Äisch – Biller, Videoen oder Audiodateien

[änneren] Notizen a Referenzen

  1. Luxemburger Lexikon Säit 101
  2. Recueil de statistiques par commune 2003
  3. Op der Cartographie vun der Waasserverwaltung huet se hiren Ufank zu Kënzeg bei der Schockmillen, um Zesummelaf vun der Millebaach mat der Méinschbaach bei der Gossemaark LB 053.
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen