Äischdallbléiser Habscht

Vu Wikipedia

Äischdallbléiser Habscht ass den Numm vun engem Lëtzebuerger Danzorchester, deen aus 15 Leit besteet. D'Grupp setzt sech zesummen aus verschiddene Membere vun der Harmonie Hobscheid an aneren Idealiste aus aneren Orchesteren an Harmonie-Orchesteren. Den Orchester steet ënner der Direktioun vum Jeannot Ney a besteet aus:

  • 4 Klarinettisten
  • 4 Trompettisten
  • 2 Tubisten
  • 1 Bassist
  • 2 Saxophonisten (Tenor)
  • 2 Saxophonisten (Alto)
  • 1 Batteur

Um Programm stinn ënner anerem däitsch Blosmusek, Ënnerhalungsmusek an och méi rockeg Titelen. Hei en Ausschnëtt aus dem Repertoire:

  • Stell dich ein in Oberkrain
  • Marina
  • Etoiles des Neiges
  • Copacabana
  • Volare
  • Zillertaler Hochzeitsmarsch
  • Blue Clarinet
  • Evergreens aus Frankreich
  • Billy Vaugh'n Goldies
  • ...

Grënnung a Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Gegrënnt gouf d'Grupp 1995 mat engem Grapp voll Leit. An den éischte Joren huet d'Grupp fir Kapesëtzunge gespillt, déi deemools vun der Theater-Ekipp vun Habscht organiséiert goufen. No e puer Joer ass awer mat dëse Kapesëtzungen opgehale ginn, an d'Grupp stoung virun der Fro fir sech opzeléisen. Et hu sech duerno ëmmer méi Leit ugeschloss a sou besteet den Orchester nach bis haut.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]