Äischen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
|||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|
| An anere Sproochen: |
fr: Eischen de: Eischen |
||||||
| Land: | |||||||
| Distrikt: | Lëtzebuerg | ||||||
| Kanton: | Kapellen | ||||||
| Gemeng: | |||||||
| Buergermeeschter: | Serge Hoffmann | ||||||
| Awunner Uertschaft: | 1.800 (2011) |
||||||
| Koordinaten: | 49° 41' 03" N 05° 52' 41" O |
||||||
| Uertschaften - Gemengen - Stied | |||||||
Äischen ass déi gréisst Uertschaft an der Gemeng Habscht.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Geographie
Äischen läit op der belscher Grenz am Dall vun der Äisch.
Äischen ass un de Verkéier ugeschloss iwwer den CR 108 dee vu Stengefort kënnt, an iwwer den CR 105 dee vun Habscht kënnt, an dann an d'Gäichel féiert. Bis 1967 gouf et eng Gare zu Äischen op der Atertlinn
Am Zentrum vun der Uertschaft leeft d'Bech an d'Äisch, an am Osten dervunner d'Millebaach.
[änneren] Kleng geschichtlech Chronologie
- Den 20. Abrëll 1880 kënnt an der Gare vun Äischen den éischte regulären Zuch vun der Atertlinn un.
- Datselwecht Joer gëtt an der Gare en Telegraphebüro opgemaach, an eng Postagence fir Päck.
- 1888 grënnen d'Bridder Kahn vun Arel eng Händschefabréck zu Äischen, déi a gudden Zäite bis zu 75 Leit beschäftegt huet.
- 1921: Äische gëtt mat Stroum vun der Stengeforter Schmelz beliwwert.
- 1923: D'Postkutsch gëtt ofgeschaaft. D'Autobusfirma Ruppert vun Habscht bekëmmert sech an der Gemeng ëm de Persounentransport op d'Gare, an transportéiert och Päck.
- Den 30. Mäerz 1943 fält e briteschen Halifax-Bomber am Bësch bei Aechels erof.
- 1950: De Lucien Thill baut eng Aluminium- a Koffergéisserei, déi bis zu 10 Aarbechter beschäftegt huet.
- 1963: An de Gebaier vun der Koffergéisserei installéiert sech 'International Secutex Cie Eischen, déi Schutz-, Rettungs- a Sécherheetsgeschir produzéiert.
- 1964: Den Autobusbetrieb Demy Schandeler baut eng Groussgarage.
- Den 23. September 1967 fiert de leschte Persounenzuch aus der Gare vun Äische fort.
- 1983: D'International Secutex mécht wéinst finanzielle Schwieregtkeeten de Buttek zou.
- 1989: D'Firma Jobstar déi der Madame Hanzen vun Arel gehéiert, renovéiert d'Fabréckgebaier, a fänkt un Aarbechtsgezai ze produzéieren.
[änneren] Veräinsliewen
De Foussballclub Alliance Aischdall gouf den 30. Mäerz 2007 gegrënnt. De Club ass entstanen durch d'Fusioun vun deenen zwéi Foussballveräiner FCO Aischen an CS Habscht.
[änneren] Kuckeswäertes
De Site Dräi Brécken iwwer d'Äisch steet zënter dem 30. Abrëll 2003 um Inventaire supplémentaire vun der Lëscht vun de klasséierte Monumenter.
[änneren] Linken
[änneren] Kuckt och
- Kierch Äischen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Kantonen
- Lëtzebuerger Distrikter
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Äischen – Biller, Videoen oder Audiodateien |