Äsbech

Vu Wikipedia
Äsbech
D'Äsbech kuerz virum Zesummelaf an d'Sauer
Längt 3 km
Originn
Originn Quell
Plaz Bäerdref
Haasselswiss
Héicht 337 m
Koordinaten 49° 48’ 44.9’’ N
      6° 20’ 51.5’’ O
Konfluenz
Leeft an Sauer
Plaz tëscht Weilerbaach
an Iechternach
Héicht 157 m
Koordinaten 49° 49’ 18.9’’ N
      6° 23’ 52.5’’ O
Haaptnieweflëss Haalsbaach
Geographie
Land Lëtzebuerg

D'Äsbech ass eng Baach, déi An der Heeschbech, südlech vu Bäerdref, entspréngt an no zirka 3 km tëscht der Weilerbaach an Iechternach an d'Sauer leeft.

Op hirem kuerze Laf, bei deem se eng 150 Meter Héichtenënnerscheed zeréckleet, schlängelt se sech duerch d'Sandsteefielse vun der Klenger Lëtzebuerger Schwäiz erduerch a leeft laanscht Fielsformatioune wéi d'Huel Lee, de Malakoff-Tuerm oder de Perekop.

Op der Héicht vum Perekop hëlt se vu lénks d'Haalsbaach op.

Op hirem mëttelste Laf ginn iwwer de Pad, deen niewendrun ass, d'Europäesch Wäitwanderweeër E2 an E3.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]


Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Äsbech – Biller, Videoen oder Audiodateien