Äschermëttwoch

Vu Wikipedia

Äschermëttwoch ass de Mëttwoch no Fuessonndeg, et ass den Ufank vun der Faaschtenzäit, déi 46 Deeg méi spéit mat Ouschtersonndeg ophält (well op de Sonndeger an der Faaschtenzäit net gefaascht gëtt an et där 6 sinn, ergëtt dat eng Faaschtenzäit vu 40 Deeg). Ausserdeem ass et eng Virbereedung op d'Operstéiung vum Jesus. Et ass och den Ufank vun der ëffentlecher Bouss.

Déi 40 Deeg vun der Faaschtenzäit ginn op déi 40 Deeg Faaschtenzäit a Gebietszäit vum Jesus no senger Daf am Jordan zeréck. Déi Zuel 40 kënnt méi wéi eemol an der Bibel vir. Sou zum Beispill de Moses dee 40 Deeg um Bierg Sinai verbréngt an de Prophet Elia, dee 40 Deeg duerch d'Wüüst wandert.

Op Äschermëttwoch gëtt an der kathoulescher Kierch dat sougenannt Äschekräiz ausgedeelt, dobäi gëtt de Gleewegen Äschen op de Kapp gestreet respektiv hinne mat Äschen e Kräiz op d'Stier gezeechent - als Zeeche vun Ëmkéier a Bouss. Äsche sinn a ville Kulturen en Zeeche vu Rengegung (cf. d'Produktioun vu Seef mat Äschen) a Bouss, sou och an der Bibel. Bei dësem Ritual huet d'Konzept vun der Metanoia (gr μετάνοια - Sënnesemkéier) eng zentral Bedeitung, well de Mënsch sech senger Vergänglechkeet a senger Ofhängegkeet vu Gott soll nei bewosst ginn, dëst als Virbereedung op Ouschteren.

Streng geholl, dierften d'Katholicken an där Zäit kee Fleesch an näischt Séisses iessen. Am Mëttelalter duerften d'Leit wärend där Zäit och keng Mëllechprodukter iessen, d'Sonndeger ausgeschloss well déi net zu de 40 Faaschtendeeg gehéieren. Hautdesdaags gi meeschtens nëmmen nach den Äschermëttwoch an de Karfreideg, als sougenannt Faaschtendeeg bezeechent, op deenen d'Katholicke kee Fleesch iessen an nëmmen eng Moolzecht den Dag zou sech huelen.