École privée Notre-Dame Sainte-Sophie

Vu Wikipedia
École privée Notre-Dame Sainte-Sophie
Dat fréiert Klouschter Congrégation Notre-Dame (méi spéit Ste-Sophie) an der Stad Lëtzebuerg
(Sainte-Sophie)
Typ Primärschoul, Secondairesschoul, Privatschoul
Regimm Grondschoul, General
Land Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Adress 4, rue Marguerite de Busbach, L-1014 Luxembourg
Schülerzuel 656
  September 2022
Gegrënnt 1627
Grënner Augustiner-Chanoinessen
Genannt no Sophia vu Roum
Um Spaweck https://saintesophie.lu/


D'École privée Notre-Dame Sainte-Sophie, meeschtens einfach Sainte-Sophie genannt, ass eng lëtzebuergesch Privatschoul (Grondschoul a Secondaire) um Weimeschhaff an der Stad Lëtzebuerg.

Historique vun der Schoul[änneren | Quelltext änneren]

17. bis Mëtt 20. Joerhonnert[änneren | Quelltext änneren]

  • 1627 hunn d'Schwëstere vun der Congrégation Notre-Dame[1] vu Metz [2] e Klouschter an der Stad Lëtzebuerg opgemaach an eng Primärschoul fir Meedercher gegrënnt. D'Schoul war gratis an d'Schoulmaterial gouf vun de Schwëstere gestëft. Dat deemolegt Klouschter war un déi haiteg Dräifaltegkeetskierch ugebaut.
  • 1793, wärend der franséischer Revolutioun, gouf d'Klouschter opgeléist an d'Gebaier ëffentlech versteet.
  • 1808 koumen d'Schwësteren zeréck op Lëtzebuerg an hunn am September hir Schoul nees opgemaach. E Pensionat fir Meedercher koum bei d'Schoul dobäi.
  • 1810 installéiert d'Kongregatioun sech am fréiere Refuge vun de Benediktiner vu Münster, am Haus Gerden, an der rue de la Trinité (haut rue de la Congrégation).
  • Am Laf vum 19. an am Ufank vum 20. Joerhonnert gouf d'Schoul ausgebaut. Bei d'Primärschoul koumen derbäi:
    • 1835 eng Schoul fir d'Ausbildung fir Aarbechterinnen (École ouvrière);
    • 1845 eng École normale (spéider Cours supérieurs genannt), mat Pensionat, fir d'Ausbildung vu Léierinnen;
    • 1863 eng Oberprimärschoul (École primaire supérieure);
    • 1915 eng Secondairesschoul (École d'enseignement moyen) fir Meedercher, mat engem Schoulprogramm dee konform war mat deem vun de staatleche Meedercherslycéeën. 1917 hunn déi éischt Meedercher aus der Sainte-Sophie hire Premières-Exame gemaach.

Vum Zweete Weltkrich bis haut[änneren | Quelltext änneren]

  • Vun 1941 bis 1944 war d'Schoul zou.
  • Am September 1944, no der Liberatioun, hunn d'Primäre- an d'Secondairesschoulen hir Dieren nees opgemaach. Déi aner Coursë goufen net méi ugebueden.
  • 1950 koum de Cours Alix dobäi, mat enger Ausbildung an der Haushaltskunde (enseignement ménager) an dem Commerce (formation commerciale). De Cours Alix huet bis 1965 bestanen.
  • 1972 ass d'Sainte-Sophie an dat neit Gebai op de Weimeschhaff geplënnert.
  • 1979 gouf d'Mixitéit an der Schoul agefouert.
  • 1982 huet d'Schoul eng Konventioun mam Staat ënnerschriwwen op der Basis vum Gesetz vum selwechte Joer (Loi du 31 mai 1982 sur les relations entre l'État et l'enseignement postprimaire privé[3]).
  • 1987 gouf den Enseignement secondaire technique an der Schoul agefouert.
  • 1998 hunn d'Schwësteren zesumme mat der Schoul-Communautéit de 400. Anniversaire vun der Grënnung vun der Congrégation Notre-Dame gefeiert.
  • 1999 bis 2001 gouf d'Schoulgebai um Weimeschhaff eng éischt Kéier ausgebaut: ënner anerem koumen 13 Klassesäll a Spezialsäll dobäi.
  • 2005 krut d'Schoul eng Charte scolaire.
  • 2007 ass d'École française, mat enger Section élementaire an enger Section maternelle, opgaangen[4]. Dat selwecht Joer hunn d'Schwësteren opgehalen an der Schoul z'enseignéieren.
  • 2009 gouf e neie Fligel ageweit, mat 15 Klassesäll fir déi lëtzebuergesch a franséisch Primärschoulen[5].

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Édouard Molitor, 1977. 350 Jahre Kongregation Unserer Lieben Frau (Sainte Sophie). Luxemburger Wort 236 (1977), S. 7.
  • Paul Margue, 1979. La Congrégation Notre-Dame 1627-1977. Aperçu historique. Écho de Sainte-Sophie (1979), S. 22-30.
  • Gilles Sibenaler, 2009. Neuer Gebäudeflügel der "Ecole privée Notre-Dame" (Sainte-Sophie). Luxemburger Wort, 5. Dezember 2009, S. 25.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Chanoinesses Régulières de St-Augustin de la Congrégation de Notre-Dame
  2. Paul Margue 1979
  3. Loi du 31 mai 1982 concernant les relations entre l'Etat et l'enseignement postprimaire privé. legilux.lu (31.05.1982). Gekuckt de(n) 19.09.2022.
  4. Arrêté grand-ducal du 13 mars 2007 autorisant la Fondation Pensionnat Notre-Dame (Sainte-Sophie) à faire fonctionner outre des classes de l'enseignement primaire et post-primaire luxembourgeois, des classes de l'enseignement préscolaire et primaire suivant les programmes français. legilux.public.lu (13.03.2007). Gekuckt de(n) 19.09.2022.
  5. G. Sibenaler, LW 5. Dezember 2009, S. 25.