Éditions Simoncini

Vu Wikipedia

Éditions Simoncini ass e lëtzebuergesche Verlag, dee sech op Poesie a Konscht spezialiséiert huet. De Verlag mat Sëtz an der Galerie Simoncini an der Stad Lëtzebuerg gouf 1985 vum Hotelier, Galerist an Auteur André Simoncini gegrënnt.[1]

Zu den Auteuren, déi bei den Éditions Simoncini erauskoumen, gehéieren d'Lëtzebuerger José Ensch an Edmond Dune, d'Belsch André Schmitz an André Doms, d'Fransouse Michel Butor, Andrée Chedid, Alain Bosquet, Eugène Guillevic, den Tschech an Nobelpräislaureat Jaroslav Seifert, de Pol Maciej Niemiec, de Russ Genrich Sapgir an d'Senegalese Charles Carrère a Léopold Sédar Senghor.[2]

De Simoncini-Verlag gëtt och Konschtkatalogen eraus, sou z. B. vum Moritz Ney (1990) an Nicolae Fleissig (1991).

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Fiche "André Simoncini" am Dictionnaire des auteurs luxembourgeois, autorenlexikon.lu (gekuckt 2013-12-14).
  2. "André Simoncini: tisser des liens entre poètes et plasticiens." op femmesmagazine.lu (gekuckt 2013-12-14).