Édouard d'Huart

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Édouard d'Huart
Gebuer 15. August 1800
Luerenzweiler
Gestuerwen 5. November 1884
Ciney
Nationalitéit Belsch, Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Famill
Kanner Alfred d'Huart

De Baron Édouard-Dominique-Marie-Joseph d'Huart, gebuer de 15. August 1800 um Schlass zu Boufer, a gestuerwen de 4. November 1884 um Schlass vun Onthaine, an der deemoleger Gemeng Achêne an der Provënz Namouer war e belsche liberale Politiker.

Hie war ufanks Member vun de Generalstänn vum Kinnekräich vun den Nidderlanden. Vum 10. November 1830 bis den 21. Juli 1831 war hie Member vum Congrès national zu Bréissel, wou hien den Distrikt Virton vertrueden huet.[1] Vun 1831 bis 1848 war en Deputéierte vum Arrondissement Virton an der Chambre des Représentants, dem belsche Parlament, a vun 1830 bis 1834 Bezierkscommissaire. Den Édourd d'Huart war vum 4. August 1834 bis de 4. Februar 1839 Finanzminister an der Regierung de Theux I. Vum 21. Juni 1840 bis den 2. November 1847 war hie Gouverneur vun der Provënz Namouer. 1875-1880 war hie Senator vum Arrondissement Dinant.

Famill[änneren | Quelltext änneren]

Den Édouard war de Bouf vum Baron an Offizéier Henri d'Huart (1761-1823) an deem senger Fra Catherine Philippine de Patoul (1761-1838).

Den 10. Juni 1835 gouf hien zu Annevoie mat der Anne de Montpellier (1807-1906) bestuet an d'Koppel krut dräi Bouwen, vun deenen den Alfred grad wéi säi Papp eng politesch Carrière an der Belsch gemaach huet.

Den éischte Member aus der Famill d'Huart, vun deem bekannt ass, datt en zu Lëtzebuerg gewunnt huet ass de Remacle d'Huart, gebuer zu Wanne de 24. Juni 1547 a gestuerwen zu Lëtzebourg de 26. Juli 1613.[2]

Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Biographie nationale du pays de Luxembourg, Fascicule 17, S 267 BNL
  2. Stambam vun der Famill d'Huart