Édouard Wolff (1851)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Riichter Édouard Wolff. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Édouard Wolff.
Édouard Wolff
Gebuer 1. Abrëll 1851
Lëtzebuerg
Gestuerwen 4. Juni 1938
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Riichter
Gedenkplack un de "leschte Wollef" um "Kiem" bei Ouljen mat engem falschen Datum: 1892 amplaz 1893

De Jean Édouard Wolff, gebuer den 1. Abrëll 1851[1] zu Lëtzebuerg an do gestuerwen de 4. Juni 1938,[2] war e lëtzebuergesche Riichter.

De Magistrat[änneren | Quelltext änneren]

Den 18. Juli 1883 ass den Ed. Wolff, dee bis dohin Substitut zu Dikrech war, als Substitut beim Bezierksgeriicht zu Lëtzebuerg, am Rang vum Riichter, genannt ginn.[3] Am Oktober 1884 krut hie seng formell Nominatioun als Riichter bei deem Geriicht.[4] Den 2. November 1893 gouf den Ed. Wolff Distriktskommissär vum Distrikt Lëtzebuerg, wou hien den Alphonse de la Fontaine ersat huet.[5] Spéider kënnt hien nees an d'Magistratur zeréck, wou hien et bis zum “Conseiller à la Cour supérieure de justice” bréngt.

De Jeeër[änneren | Quelltext änneren]

Den Édouard Wolff war e passionéierte Jeeër, donieft och en erfuerene Fëscher: chasseur pur sang et pêcheur expérimenté.[6]

Hien huet de 24. Abrëll 1893 am Ouljener Bësch beim "Kiem" e Wollef geschoss, deen als de leschte Wollef, deen zu Lëtzebuerg erluecht gouf, an d'Geschicht agaangen ass. Op der Plaz, wou dat geschitt ass, huet de Saint-Hubert-Club am Joer 1937 eng Gedenkplack ubrénge gelooss, op där fälschlecherweis steet, dat hätt sech am Joer 1892 ofgespillt.

De facto, sinn och nach méi spéit Wëllef zu Lëtzebuerg gesinn a geschoss ginn, bis an d'Joer 1920, wou nach e Wollef bei Bierg erluecht gouf, eng kleng Uertschaft, déi grad wéi Ouljen zur (Gemeng Betzder) gehéiert.[7] Kuckt: De Wollef zu Lëtzebuerg.

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Ville de Luxembourg, État civil, naissances 1851, No 156; Courrier du G.-D. de Luxembourg 1851, No. 28 (5 avril): 4 (État civil: déclaration de naissance du 3 avril); beim Spedener 1937 steet: "1852" amplaz "1851". De Papp war de Jean Baptiste Théophile Édouard Wolff, 25 Joer, "rentier", an d'Mamm d'Marie Delphine Deitz, 21 Joer; si hunn am Haus Nr. 264 um Krautmaart gewunnt. Als Zeie ware bei der Deklaratioun vun der Gebuert dobäi de Jean Wolff, 55 Joer, "conseiller à la cour supérieure de justice et de cassation", an de Philippe Conrade Auguste baron du Prel, 76 Joer, "rentier".
  2. Doudesannonce am Luxemburger Wort, 1938, Nr. 157/158 (6./7. Juni), S. 8; id.: Nr. 159 (8. Juni), S. 7. Beim Anonyme 1979 steet iertemlecherweis: 8. Juni 1938.
  3. Mémorial du Grand-Duché de Luxembourg 1883: 369.
  4. Mémorial du Grand-Duché de Luxembourg 1884, S. 563
  5. Mémorial du Grand-Duché de Luxembourg 1893: 625.
  6. Massard 2015: Online-Version. Kuck och: Anonyme 1938.
  7. Massard 2015.
  8. Memorial A n° 22 vun 1909 mat enger Lëscht vu Leit déi an deem Joer am ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen