Éischt Hëllef Team Kolléisch

Vu Wikipedia

D'Éischt Hëllef Team Kolléisch (EHTK) ass eng Grupp vu fräiwëllege Schüler aus dem Stater Kolléisch, déi do fir d'Éischt Hëllef zoustänneg sinn. Souwuel wärend de Schoulstonne wéi och bei aussergewéinlechen Evenementer am a ronderëm de Kolléisch assuréiere si d'Éischtversuergung bei Krankheeten, Blessen, Accidenter an anere medezineschen Noutfäll, wann néideg sou laang bis d'Rettungsdéngschter do sinn.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Geschicht vum EHTK geet bis an den Hierscht 1998 zeréck, wéi den deemolege Sécherheetsdelegéierte vum Stater Kolléisch, de Paul Schiltz, wärend enger Versammlung vum Sécherheetscomité proposéiert huet, am Kolléisch eng Grupp nom Virbild vum däitsche Schulsanitätsdienst an d'Liewen ze ruffen. Den Henri Mousel, deen zu deem Zäitpunkt Usträicher am Kolléisch a fräiwëllegen Ambulancier am Asazzenter Ettelbréck war, huet sech direkt dozou bereet erkläert, sou en Team ze schafen an och ze leeden. Schüler, déi en Éischt-Hëllefs-Diplom haten, konnte sech fräiwëlleg an d'Grupp mellen.

Well schonn zanter 1997 all Joer en Éischt-Hëllef-Cours vun der Lëtzebuerger Croix-Rouge am Kolléisch organiséiert gouf, hate sech relativ séier 8 Schüler fonnt, fir sou déi éischt Ekipp vum EHTK ze ginn. E gréissere Problem war allerdéngs d'Ariichte vun enger Noutfallstatioun, well déi am Schoulbudget net virgesi war. Den deemolegen Direkter Emil Haag konnt dunn awer déi néideg Gelder opdreiwen a sou d' « Infirmerie » mam néidege Grondmaterial op d'Bee stellen. Well de Kolléisch schonn eng Piipseranlag fir d'technescht Personal a Betrib hat, hunn du just nach missen zwéi Piipserten ugeschaaft ginn, déi d'Alarméierung vun de Schüler och wärend dem Cours méiglech gemaach hunn. 2011 goufe 6 weider Piipserten a Betrib geholl.

Nodeem den Henri Mousel bal 14 Joer laang d'Éischt-Hëllef-Team geleet hat, gouf am Schouljoer 2012/2013 e Comité gegrënnt, deen zukënfteg den EHTK leede soll an ausschliisslech aus aktive Membere besteet. Nom Schouljoer 2013/2014 ass den Henri Mousel dunn an d'Pensioun gaangen, an de Jean-Louis Gindt, Reliounsprofesser am Stater Kolléisch, huet seng Charge als « Chef de Groupe » iwwerholl.

Nom Modell vum Éischt-Hëllef-Team Kolléisch sinn och an aner Lycéeë sou Gruppen entstanen.

De 17. Juni 2015 koum de Prënz Guillaume an de Kolléisch fir dem Team de Certificat de reconnaissance vum Prix du Mérite Jeunesse, 2014 fir de Projet Éischt Hëllef léieren mam Éischt Hëllef Team Kolléisch z'iwwerreechen.[1]

Säit dem Schouljoer 2020-2021 ass d'Madamm Pia Heinricy, Mathesproff am Stater Kolléisch, no der Pensionéierung um Enn vum Schouljoer 2019-2020 vum Jean-Louis Gindt de « Chef de Groupe » vum Éischt Hëllef Team Kolléisch.

Aufgaben[änneren | Quelltext änneren]

E Piipser

Den EHTK assuréiert wärend all Schoulstonn mat 3 Sekuristen eng Permanence. Déi 3 Schüler si wärend deene Stonne mat engem Piipsert ekipéiert a kënne sou am Noutfall aus dem Cours gepiipst ginn. All Asaz gëtt genee dokumentéiert, zanter 2013 op elektroneschem Wee.

All Schüler, Enseignant oder Member vum Personal, deen e medizinesche Problem huet, ka sech un de Concierge wennen, deen dann direkt d'Permanence upiipst. Duerno kann de Patient an enger gutt ekipéierter Infirmerie behandelt ginn. Nieft dem erweiderten Éischt-Hëllef-Material stinn awer och eng ganz Rei Medikamenter zur Verfügung, déi e Schüler allerdéngs nëmme kréie kann, wann de Sekurist telefonesch déi néideg Erlabnes vun den Eltere krut.

Nieft de reguläre Permanencë suergt den EHTK awer och bei Manifestatiounen an a rondrëm d'Schoul fir déi néideg Sécherheet a ka sou zu all Moment direkt agräifen an Éischt-Hëllef leeschten.

Formatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Nieft dem regulären Éischt-Hëllef-Cours (Protex, Croix-Rouge oder equivalent) vun 28 Stonnen, deen all Kandidat muss absolvéiert a gepackt hunn, muss all Member eng Basis-Formatioun maachen, déi ongeféier een Trimester dauert a mat engem Test ofgeschloss gëtt. Eréischt wann d'Schüler deen Test gepackt hunn, kënne se Déngscht um Patient verriichten. D'Basisformatioun soll de Kandidaten ënner anerem den Ëmgang mam Material bäibréngen, dat am Kader vun der erweiderter Éischter Hëllef gebraucht gëtt a sou am regulären Éischt-Hëllef-Cours net ugeschwat gëtt.

Weiderhi muss och all aktive Member un internen an externe Formatiounen deelhuelen. Déi intern Formatioune goufen an der Reegel vum Henri Mousel geleet, zanter 2009 gëtt hie vum Théo Wooning, Operateur beim 112, ënnerstëtzt. Fir déi extern Formatioune kooperéiert den EHTK mat Partneren aus dem Rettungsdéngscht, wéi zum Beispill déi national Pompjeesschoul ENSIS, déi national Schoul vun der Protection Civile ENPC, d'Beruffspompjeeën oder verschidden Asazzenteren (notamment déi vun Ettelbréck, Beetebuerg a Stengefort).

Ausrëschtung[änneren | Quelltext änneren]

En Noutfallrucksaack, wéi déi vum EHTK

D'Material vum EHTK gouf am Laf vun de Joren ëmmer weider vergréissert, verbessert an erneiert an ass mëttlerweil ganz gutt mam Material aus de modernen Ambulanzen ze vergläichen. Dat ass wichteg fir de Patient am Noutfall séier ze behandelen an dem Rettungsdéngscht eng grouss Partie vun der Aarbecht ofzehuelen. Sou ass et méiglech, d'Zäit tëscht dem Accident an der Behandlung an der Klinick op e Minimum ze reduzéieren.

Dem EHTK steet am Noutfall ënner anerem follgend Material zur Verfügung:

Projet MiniAnne[änneren | Quelltext änneren]

De Kolléisch ass déi 1. Schoul zu Lëtzebuerg, déi en AED huet.

Am Kader vum zéngte Gebuertsdag vum EHTK ass de Projet MiniAnne an d'Liewe geruff ginn[2]. Dee Projet zielt dorop eraus, all Schüler vu 6e, 4e an 2e déi elementar Gester vun der éischter Hëllef bäizebréngen. All Joer huelen all Schüler aus deene Klassen un engem Cours vun enger Schoulstonn deel, wou se follgend Aspekter vermëttelt kréien:

Déi Course ginnn all Joers vun de Responsablen aus dem EHTK, vun eenzele Professeren a vun erfuerene Memberen aus dem EHTK organiséiert a geleet. Den Numm kënnt vun den Trainingspoppen MiniAnne vun der Firma Laerdal, op deenen all d'Schüler d'Méiglechkeet hunn, d'Häerzmassage an d'Otemspend ze trainéieren. Dës Poppe ginn zënter dem Schouljoer 2017-2018 no an no duerch méi realitéitsgetrei Poppe vun der Firma Brayden ersat.

Éischt-Hëllef-Dag[änneren | Quelltext änneren]

Den 30. Juni 2012 ass déi éischt Editioun vum Éischt-Hëllef-Dag am Stater Kolléisch organiséiert ginn. Wärend engem ganzen Dag haten d'Schüler an d'Visiteuren d'Méiglechkeet, un Atelieren, Virträg an Virféierungen zum Theema Éischt Hëllef deelzehuelen.

Den 23. Abrëll 2014 gouf fir de 15. Gebuertsdag vum EHTK den 2. Éischt-Hëllef-Dag am Kolléisch organiséiert. Dat Joer hunn all d'Klasse vu 7ème a 5ème un enger Rei vun Atelieren deelgeholl, ënner anerem zum Theema Alkohol um Steier, Entstoe vu Bränn a Brandpreventioun, Ëmgang mat Feierläscher asw. All Schüler vu 7e a 5e hunn deen Dag duerch hir Matschüler vum EHTK d'Gester vun der stabiler Säitelag kenne geléiert an trainéiert. Den Dag gouf mat enger grousser Scéance académique, moderéiert vum Frank Jagusch a Max Delvaux, ofgeschloss, bei där e Bilan vun de leschte 15 Joer gezu gouf a weider Projete fir d'Zukunft virgestallt goufen. Ausserdeem gouf d'Pensionéierung vun EHTK-Grënner a Chef Henri Mousel nom Schouljoer 2013/2014 bekannt ginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Prix du Mérite Jeunesse
  2. First Secondary School in Luxembourg sampling CPR with Minianne