Éisträich-Ungarn

Vu Wikipedia
De gemeinsame Wopen (1915–1918)
Kaart vun Éisträich-Ungarn
Cisleithanien (hellgiel)
1. Béimen - 2. Bukowina - 3. Kärnten
4. Krain- 5. Dalmatien - 6. Galizien a Lodomerien
7. Görz a Gradisca; Trieste; Istrien
8. Éisträich ënner der Enns - 9. Mieren
10. Salzburg - 11. Éisträichesch-Schlesien
12. Steiermark - 13. Tiroul 14. Éisträich iwwer der Enns- 15. Vorarlberg
Transleithanien donkelgiel)
16. Ungarn (mat der Vojvodina a Siwebiergen)
17. Kroatien a Slawonien
18.Bosnien an Herzegowina (orange) (18.)
Éisträich-Ungarn an Europa (1914, virum Éischte Weltkrich).

Déi Éisträichesch-Ungaresch Monarchie (ungaresch: Osztrák-Magyar Monarchia), och Monarchie Éisträich-Ungarn oder kuerz Éisträich-Ungarn, informell och alt k. u. k. Duebelmonarchie (k. u. k. = "kaiserlich und königlich") oder Donaumonarchie genannt, war den Numm vum Gesamtstaat vum Habsburger Räich a Mëttel- a Südeurpoa tëscht de Joren 1867 an 1918. En ass entstanen, wéi op der Grondlag vum Éisträichesch-ungaresche Kompromëss vum 8. Juni 1867, den 21. Dezember dat Joer d'Keesertum Éisträich verfassungsméisseg an eng Duebelmonarchie ëmgebaut gouf. Den 31. Oktober 1918 ass Ungarn aus där Unioun nees ausgetrueden.

D'éisträichesch-ungaresch Monarchie huet sech aus zwéi Staaten zesummegesat: aus de Kinnekräicher a Länner, déi am Reichsrat vertruede sinn, inoffiziell Cisleithanien an eréischt 1915 offiziell Éisträich genannt; an de "Länner vun der helleger ungarescher Stiefeskroun", inoffiziell Transleithanien (d'Leitha ass e Floss, deen deelweis d'Grenz gemaach huet). Do derbäi koum Bosnien an Herzegowina, dat zanter 1878 vun Éisträich besat gouf (et war Deel vum Osmanesche Räich), an dat 1908 als Kondominium an d'Monarchie averleift gouf.

Wéi am Kompromëss vun 1867 virgesinn, waren déi zwéin (Deel-)Staaten am Verhältnes zuenee gläichberechtegt. De gemeinsame Staatschef war de Keeser vun Éisträich an Apostolesche Kinnek vun Ungarn aus dem Haus Habsburg-Loutrengen. Vun 1867 bis 1916 war dat de Franz Joseph I., duerno bis 1918 säi Groussneveu Karl I./IV.

Éisträich-Ungarn war mat ronn 676.000 km² nom Russesche Keeserräich vun der Fläch hier den zweetgréissten (vun 1905 un) a mat 52,8 Milliounen Awunner (1914) vun der Populatioun hier no Russland an dem Däitsche Räich deen drëttgréisste Staat an Europa. Den Territoire huet sech iwwer déi haiteg Staaten Éisträich, Ungarn, Tschechien (mat enger klenger Ausnam), Slowakei, Slowenien, Kroatien, Bosnien an Herzegowina erstreckt, souwéi iwwer Deeler vum haitege Rumänien (Transsylvanien, Südbukowina), Montenegro, Polen (Westgalizien), der Ukrain (Ostgalizien an Nordbukowina), Italien (Trentino-Alto Adige an Deeler vu Friaul-Julisch Venetien) a Serbien (Vojvodina).

De Fait, datt duerch de Kompromëss zwar d'Ungarn gezësst goufen, andeems se deenen Däitschsproochege gläichgesat goufen, huet sengersäits zu Spannunge gefouert, well déi aner Vëlker, besonnesch d'Slawen am Norden an am Süden, sech sou benodeelegt gefillt hunn, absënns am ungareschen Deel, wou se de facto duerch Schoul- a Walgesetzer diskriminéiert waren.

Dës Spannungen hunn dann och dozou gefouert, datt den Ierfprënz Franz Ferdinand a seng Fra Sophie vun Hohenberg an der bosnescher Haaptstad Sarajevo engem Attentat zum Affer gefall sinn, dat haut als Ausléiser vum Éischte Weltkrich gëllt. Serbesch Nationalisten, déi e grousst Serbien wollten (d. h. mat deenen Deeler, déi zu Éisträich-Ungarn gehéiert hunn, wou Serbe gelieft hunn), hunn et als Provokatioun gesinn, datt den Ierfprënz ausgerechent um Dag vun der Commemoratioun vun der Schluecht vum Märelefeld Sarajewo besicht huet, soudatt ee vun hinnen d'Koppel erschoss huet.

Enn vun der Duebelmonarchie[änneren | Quelltext änneren]

D'Opdeelung nom Traité vu St.-Germain a vun Trianon

Nom éischte Weltkrich ass d'Duebelmonarchie auserneegefall, an de Keeser gouf ofgesat. Duerch d'Traitéë vu Saint-Germain (1919) a vun Trianon (1920) goufen d'Grenze vun den nei geschaafte Staate verbindlech festgeluecht.