Éisträichesch Nidderlanden

Vu Wikipedia
Geschicht vu Lëtzebuerg
Portal:Lëtzebuerg

Éisträichesch Nidderlande waren en Territoire, deen tëscht dem Enn vum Spueneschen Ierffollegkrich 1714 bis zu der Eruewerung duerch d'Truppe vun der Franséischer Revolutioun an domat verbonnen dem Uschloss un d'Franséisch Republik 1795 bestanen huet, an dee méi oder manner do louch, wou haut d'Belsch a Lëtzebuerg sinn.

Andeelung[änneren | Quelltext änneren]

D'Éisträichesch Nidderlanden 1786 (orange)

D'Éisträichesch Nidderlande bestoungen aus:

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Wéi déi spuenesch Linn vun den Habsburger ausgestuerwe war, koum et zum Spueneschen Ierffollegkrich. Als Resultat dovu gounge 1714 déi bis dohi Spuenesch Nidderlanden un déi éisträichesch Habsburger-Linn. Wärend dem Éisträicheschen Ierffollegkrich, 1745-1748, ware se vu franséischen Truppen ënner dem Marschall Maurice vu Sachsen besat. Bis se am 1. Koalitiounskrich duerch Frankräich eruewert goufen, goufen d'Éisträichesch Nidderlanden duerch ee Generalgouverneur vu Bréissel aus regéiert. Déi eenzel "Provënzen", d. h. d'Bestanddeeler vun den Nidderlanden, d'Grofschaft Flanderen, d'Herzogtum Brabant, d'Grofschaft Hennegau/Hainaut, d'Grofschaft Namur, d'Herzogtum Lëtzebuerg, asw., goufen no lokale Gesetzer a Bräich verwalt, déi net onbedéngt iwwerall déi selwecht waren. Den Ensembel vun den Nidderlanden war nämlech ni méi, wéi eng Zort de facto-Konfederatioun vu Principautéiten, déi vum 14. / 15. Joerhonnert un an enger an der selwechter Hand waren.

Vill Leit ware mat den zentralisteschen an opgekläert-absolutistische Reforme vum Keeser Joseph II. net averstanen. Et koum 1789 zu der Brabanter Revolutioun a 1790 zu der Proklamatioun vun der Republik vun de Vereenegten nidderlännesche Staaten. Am Kontext souwuel vun der Brabanter Revolutioun wéi vun der franséisch-revolutionärer Invasioun gouf eng méiglech Onofhängegkeet vun de Südlechen Nidderlanden a vum Fürstentum Léck, mat oder ouni Lëtzebuerg, an d'A gefaasst. Sou ass 1790 ee Moment dru geduecht ginn, fir e Groussherzogtum Belgien, ënner der Souverainitéit vum Karel vun Habsburg-Lotrengen, ze grënnen. Et sollt awer anescht kommen: dem Joseph II. säi Brudder an Nofollger Leopold II. konnt d'Onrouen, aus deene sech Lëtzebuerg erausgehalen hat, nees zëssen.

1792 goufen d'Éisträichesch Nidderlanden duerch d'Truppe vun der Franséischer Revolutioun eruewert, d'Éisträicher hu se 1793 nees zeréckeruewert, mä 1794 goufe s'op en Neits vu Frankräich besat a formell den 1. Oktober 1795 vu Frankräich annexéiert. Am Oktober 1797 huet Éisträich där Annexioun am Fridde vu Campo Formio zougestëmmt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Hervé Hasquin (Konzeptioun a wëssenschaftlech Koordinatioun) & 14 Mataarbechter, La Belgique autrichienne (1713-1794) - Les Pays-Bas méridionaux sous les Habsbourg d'Autriche ; Bréissel, Editioune vum 'Crédit communal', 1987; 539 Säiten. ISBN 2-87193-035-X
  • Gilbert Trausch, Le Luxembourg sous l'Ancien Régime - 17e et 18e siècles et débuts du 19e siècle ; (= 3. Bd. vum Manuel d'histoire luxembourgeoise (...) à l'usage des classes de l'Enseignement secondaire (...) ; Lëtzebuerg, Verlag Bourg-Bourger, 1977 (= 1. Oplo); 176 Säiten.
  • (erausgi vun: Jean-Paul Lehners, Claude Bruneel & Helmut Reinalter), L'Autriche, les Pays-Bas [méridionaux] et le Duché de Luxembourg au 18e siècle ; 'Publications du Centre universitaire de Luxembourg', Cahiers d'Histoire IV, Lëtzebuerg, 1999; [= Akte vun engem Colloque, deen am November 1996 um 'Centre universitaire' organiséiert gi war (eng Doze Kontributiounen)]; 182 Säiten. ISBN 2-87971-212-2
  • Edouard Marc Kayser, Du Grand-Duché de Belgique mort-né [1790] au Grand-Duché de Luxembourg partagé [1839] - Aspects méconnus du passé belgo-luxembourgeois de la fin de l'Ancien Régime au milieu du XIXe siècle ; in: récré, 10 (1994); Dikrech (APESS - Verlag); Ss. 169-188 (ill.; 3 Kaarten).
  • Ch. Rahlenbeck, Les pays d'Outre-Meuse: Dalhem, Fauquemont et Rolduc ; Bréissel, 1888.