Élodie Frégé

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Élodie Frégé ass eng franséisch Sängerin, déi de 15. Februar 1982 zu Cosne-sur-Loire am Departement Nièvre gebuer gouf.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Biographie

D'Élodie Frégé fänkt mat 5 Joer un ze danzen a léiert scho fréi Gittar. 1999 mellt hiren Danzprofesser si bei Nuits du Vieux Château un, nodeems hie si sangen héieren huet. Am selwechte Joer mécht si hir Schoul fäerdeg a studéiert ee Joer Englesch zu Dijon. Duerno entscheet si sech awer, als Artistin weider opzetrieden.

2003 hëlt si um Casting fir déi drëtt franséisch Star Academy deel. Den 20. Dezember gewënnt si géint de Michal, mat deem si awer herno hiert Präisgeld vun enger Millioun Euro deelt.

Den 30. Mäerz 2004 huet si de World Best gewonnen, ee Präis bei deem de beschte Sänger aus alle Gewënner vun der Star Academy aus Europa ermëttelt gëtt.

Hiren éischten Album Élodie Frégé kënnt am Fréijoer 2004 eraus. Déi éischt Single De L'eau huet net deen erhofften Erfolleg an erreecht nëmmen déi 16. Plaz. Viens Jusqu'à Moi, am Duo mam Michal, kënnt schonns e bëssche besser un a bleift während e puer Wochen op der 8. Plaz. Da bréngt se Le dernier amour eraus. Déi lescht Single Je Te Dis Non packt et net emol an d' Top 30.

Schlussendlech gouf den Album zirka 250.000 mol verkaaft, wat nach laang net deen "échec commercial" war, vun deem d'Medien deemols geschwat hunn.

D'Élodie Frégé ass bis elo déi eenzeg Gewënnerin vun der Star Academy, déi hir eegen Texter a Lidder op engem éischten Album konnt duerchsetzen.

2005 gewënnt si Les Ailes de l'Expérience vun der Académie de Mâcon.

Am Summer 2006 ass hir nei Single La Ceinture an am September den Album Le Jeu des Sept Erreurs erauskomm. En ass direkt bis op déi 12. Plaz vun de meescht verkaaften Albumen a Frankräich geklomm, an dat obwuel en iwwerhaapt net promoted ginn ass. Eng Halschent vun de Lidder ass vun hir selwer, déi aner ass vum Benjamin Biolay geschriwwen a komponéiert ginn. Den Album, deen och e Cover vum Serge Gainsbourg enthält, krut gutt Kritiken an ass vum Élodie Frégé op enger Tournée duerch ganz Frankräich virgestallt ginn. D'Videoclippen zu deenen zwou leschte Singlen Si Je Reste a La Fidélité si vun der Catherine Breillat realiséiert ginn.

Le Jeu des Sept Erreurs gouf mat Gold fir 85 000 verkaaften Exemplairen ausgezeechent. [1]

Zënter September 2009 ass d'Élodie Frégé erëm am Studio fir hiren neien Album ze préparéieren, deen 2010 wäert erauskommen an zu den Musekgenres Folk an Trip-Hop tendeieren wäert. Verschidden Lidder, wei zum Beispill La fille de l'après-midi, Con de soleil oder Ta désinvolture goufen schonns op hire leschte Concerten virgestallt. [2] [3]

[änneren] Discographie

2004: Elodie Frégé (2x Gold)

  • De L'eau
  • Viens Jusqu'à Moi
  • Je Te Dis Non

2006: Le Jeu des Sept Erreurs (Gold)

  • La Ceinture
  • La Fidélité
  • Si Je Reste

2010: La fille de l'après-midi

  • La fille de l'après-midi
  • La Belle et la Bête

[änneren] Filmographie


[änneren] Linken

Commons: Élodie Frégé – Biller, Videoen oder Audiodateien

[änneren] Referenzen

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen