Émile Erpelding

Vu Wikipedia
Émile Erpelding
Gebuer 23. Juni 1917
Gestuerwen 9. Mäerz 1999
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller

Den Émile Erpelding, gebuer den 23. Juni 1917 zu Merzlich, haut Konz-Karthaus op der Musel, a gestuerwen den 9. Mäerz 1999, war e lëtzebuergesche Schoulmeeschter an Auteur.

Liewen a Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Seng Elteren, de Guillaume Erpelding an Eugenie Ruppert ware vu Gréiwemaacher. Als eelste vu fënnef Geschwëster huet den Émile Erpelding seng Kandheet a Jugend a sengem Elterenhaus zu Weimeschkierch op der Nr. 12 rue de la Source verbruecht. Säi Papp war techneschen Ingenieur bei der Arbed zu Dummeldeng.

Hien huet sech besonnesch an de Beräicher vun der Geographie an der Geschicht engagéiert. Aus senger Fieder staamt 1968 deen éischten Atlas vu Lëtzebuerg. A senger Fräizäit huet hie virun allem Genealogie a Millefuerschung bedriwwen. Déi wuel bekanntst vu senge ronn 300 Publikatiounen ass Die Mühlen des Luxemburger Landes, déi wäit iwwer d'Grenze vun onsem Land bekannt gouf.

Schoulen[änneren | Quelltext änneren]

  • Primärschoul zu Weimeschkierch (1923-1924)
  • Primärschoul zu Dummeldeng (1924-1929)
  • Athénée Grand-ducal an der Stad (1929-1933)
  • Ausbildung zum Schoulmeeschter (1933-1937)

Den Émile Erpelding war du Schoulmeeschter op follgende Plazen:

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

  • Den 12. Dezember 1988 krut den Emile Erpelding zu Maastricht vum Gouverneur vun der Kinnigin de Rheinlandtaler fir säi Liewenswierk iwwerreecht.
  • Den 30. Mee 1997 gouf hie mat dem Mérite culturel ausgezeechent vun der Gemeng Nidderaanwen a vun de "Geschichtsfrënn", deenen hire Grënnungs- a Comitésmember hie war.

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

  • Erpelding, Émile & Alphonse Kettenmeyer, 1968. Das Grossherzogtum Luxemburg und seine Nachbarländer: Belgien, Deutschland, Frankreich, Niederlande. Erdkunde für das 5. und 6. Schuljahr. Hrsg.: Ministère de l'Éducation nationale, 176 S. Bourg-Bourger, Luxemburg.
  • Erpelding, Émile, 1988. Das Harishaus in Grevenmacher - Beispiel einer Haus-Chronik. Annuaire de l'Association luxembourgeoise de généalogie et d'héraldique 1988: 13-44.
  • Erpelding, Émile, 1988. Die Mühlen des Luxemburger Landes. 2. Aufl. 800 S. Christnach: E. Borschette ; Luxembourg: Impr. Saint-Paul, Luxemburg. [1. Oplo: 1981]
  • Schaffner, Hugues, 1992. Bio-bibliographie Emile Erpelding à l'occasion de son 75e anniversaire. Hémecht 44/3: 433-447, Luxembourg.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]