Émile Konter

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Émile Konter
Gebuer 25. Februar 1911
Attem
Gestuerwen 28. Juli 1973
Ettelbréck
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Boxer

Den Émile Konter, gebuer de 25. Februar 1911 zu Athus, gestuerwen den 28. Juli 1973 zu Ettelbréck,[1] war e lëtzebuergesche Boxer.

Als Jugendleche war hien een aktiven Turner an der Société de Gymnastique L'Avant-Garde Rodange. 1929 huet hie mam Boxen am deemolege Boxveräin Boxing-Club Déifferdéng ugefaangen. Ufanks 1932 ass hie scho Profi ginn an huet ënner dem fréiere franséische Profiboxer Louis de Ponthieu zu Paräis trainéiert.

Hien huet an der Hallef-Schwéiergewiicht Klass (76,2-79,4 kg) geboxt an ass international bekannt ginn. Seng gréisst Erausfuerderung war de Boxmatch géint den Adolph Heuser den 21. Juni 1935 am Sportpalast zu Berlin, e Match, deen hien duerch KO verluer huet. Am Zweete Weltkrich gouf den Émile Konter Turnstonnen am Dikrecher Kolléisch. 1947 huet hien de Café Central zu Iechternach iwwerholl.

Matcher[änneren | Quelltext änneren]

Datum Géigner Plaz Resultat
05. Juni 1939 NEDNED Jo de Groot Rotterdam Verluer no Punkten
12. Februar 1939 GERGER Jean Kreitz Dortmund Verluer TKO
09. Abrëll 1937 GERGER Puersch Düsseldorf Gewonnen no Punkten
08. Februar 1937 NEDNED Rienus De Boer Rotterdam Gewonnen KO
15. Januar 1937 NEDNED Nico Droog Hannover Onentscheet
21. Juni 1935 GERGER Adolf Heuser Berlin Verluer KO
23. Oktober 1934 PRIPRI Angel Clivilles Paräis Gewonnen no Punkten
10. Abrëll 1934 FRAFRA Emil Lebrize Paräis Verluer no Punkten
03. Juli 1933 AUTAUT Karl Neubauer Wien Verluer no Punkten
26. Mee 1928 FRAFRA Kid Nomo Paräis Verluer no Punkten

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Frëndlecherweis matgedeelt vum Bureau de la Population vun der Stad Iechternach