Émile Krier (1949)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Historiker Émile Krier. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Émile Krier.
Émile Krier
Gebuer 5. Mee 1949
Lëtzebuerg
Gestuerwen 5. Januar 2002
Tréier
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Historiker, Lycéesprofesser

Den Émile Krier, gebuer de 5. Mee 1949 zu Lëtzebuerg a gestuerwen de 5. Januar 2002 zu Tréier, war e lëtzebuergeschen Historiker a Professer.

Hien huet eng Rei Aarbechten iwwer d'modern Geschicht vu Lëtzebuerg vum 17. bis 20. Joerhonnert, zu Lëtzebuerg selwer, an am Ausland verëffentlecht.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

No senger Première am Iechternacher Kolléisch huet den Émile Krier Geschicht, politesch Wëssenschaften a Soziologie op der Universitéit zu Bonn studéiert, wou hien 1975 seng Dokteraarbecht Deutsche Kultur- und Volkstumspolitik von 1933-1940 in Luxemburg presentéiert huet.

Bis zu sengem Doud huet hie Geschicht enseignéiert, bis 1983 am Lycée technique Joseph-Bech zu Gréiwemaacher, an dunn am Kolléisch, an deem de Geschichtssall den 22. Abrëll 2009 offiziell no him gedeeft gouf.

Den Emile Krier, deen net bestuet war, war en engagéierte Mënsch, ënner anerem am Maacher Kiercherot.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • (mam Emil Haag): 1940 - L'année du dilemme. La Grande-Duchesse et son gouvernement pendant la Deuxième Guerre mondiale. RTL-Édition, 1987, 308 S. ISBN 2-87951-202-6.
  • Joseph Bech ; in: Lycée technique Joseph Bech 1969-1989 ; Broschür vum 20. Anniversaire vum Maacher Lycée technique; Gréiwemaacher, Offset Moselle, 1990; Ss. 35-44;
  • Les métamorphoses de l'Athénée 1603-1989 ; erausgi vum Kolléisch, Lëtzebuerg, Sankt Paulus-Dréckerei, 1989; 86 Säiten;
  • 1919 wurde das Frauenwahlrecht eingeführt ; in: Luxemburger Wort vum 8. Mee 1989, Ss. 15-16;
  • Luxemburg am Ende der Besatzungszeit und der Neuanfang ; in: Kriegsende und Neubeginn: Westdeutschland und Luxemburg zwischen 1944 und 1947 ; erausgi vum Kurt Düwell & Michael Matheus, Geschichtliche Landeskunde, Band 46; Stuttgart, 1997; Ss. 69-95;
  • Suppression et dissolution de la Compagnie de Jésus à Luxembourg au XVIIIe siècle ; in: Hémecht, Jg. 46 (1994), Heft 1 (Spezialnummer "Fir Glawen a Kultur" - Les Jésuites à Luxembourg / Die Jesuiten in Luxemburg (1594-1994)), Ss. 199-214;
  • Das Schriftstellerheim der deutschen Jesuiten in Luxemburg ; ibidem, Ss. 255-271.
  • D'Spueniekämpfer ; in: Luxemburger Wort, Ausgab vum 23. Abrëll 1998.
  • Création et développement du canton de Grevenmacher; in: nos cahiers Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur, 20. Joer, 1999, Heft 3 (<<Kanton Gréiwemaacher>>); Ss. 61-72.
  • Joseph Lortz - Ein Kirchenhistoriker von internationaler Reputation; in: nos cahiers, 20. Joer, 1999, Heft 3 (<<Kanton Gréiwemaacher>>); Ss. 141-148.
  • Les juifs au Grand-Duché au XIXe siècle ; in: Le choc des libertés - L'Église en Luxembourg de Pie VII à Léon XIII ; Baastnech (Musée en Piconrue), 2001.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Beck, Simone, 2002. À la mémoire d'un ami - Pour Emile Krier. Luxemburger Wort, 11. Abrëll 2002;
  • Hermes, Monique, 2002. Zur Erënnerung un de Professer Emile Krier vu Gréiwemaacher. Luxemburger Wort, 19. Januar 2002;
  • Thill, Armand. Dans les bras de Clio; allocution prononcée en mémoire d'Émile Krier, lors de l'inauguration de la salle d'histoire de l'Athénée désormais appelée 'Salle Émile Krier'. In: annALes, Athénée de Luxembourg / d'annALe vum Staadter [sic] Kolléisch, 02 / 2008-2009; Ss. 136-138.
  • Wey, Claude, 2002. Une oeuvre reste inachevée. Hommage à l'historien Émile Krier (1949-2002). Le Quotidien, 20. 01. 2002, p. 9. Den Noruff um Site vum Centre de documentation sur les migrations humaines.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]