Émile Lefort (Jurist)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Jurist Émile Lefort. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Émile Lefort.
Émile Lefort
Gebuer 1851
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Riichter
Famill
Papp Antoine Lefort
Kanner Antoine Lefort

Den Émile Lefort, gebuer de 6. Mäerz 1851 zu Dikrech[1] a gestuerwen den 12. Mee 1902 an der Stad Lëtzebuerg[2], war e lëtzebuergesche Jurist.

Den 13.Oktober 1879 gouf den Emile Lefort fir 3 Joer als Untersuchungsriichter zu Dikrech ernannt.[3]

Hie war vum 30. Januar 1895 bis den 12. Mee 1902 Member vum Staatsrot.[4]

Säi Papp den Antoine Lefort war och Magistrat a Member vum Staatsrot.

Den Diplomat, Ingenieur a Politiker Antoine Lefort war säi Jong.

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Den Emile lefort op www.deltgen.com
  2. Civilstand Stadt Luxemburg: Sterbefälle: 12. Mee 1902 am Luxemburger Wort vum 19. Mee 1902
  3. Memorial N° 66 vun 1879 S. 793 mat der Ernennung vum Emile Lefort als Untersuchungsriichter
  4. Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot
  5. Memorial N° 8 vun 1890 mat enger Lëscht vu Leit déi am ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen