Émile Mayrisch

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Jacob Émile Albert Mayrisch gebuer den 10. Oktober 1862 zu Eech, a gestuerwen de 5. Mäerz 1928 zu Châlons-en-Champagne, dat déi Zäit Châlons-sur-Marne geheescht huet, war e Lëtzebuerger Stolindustriellen a President vum Directoire vun der ARBED.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Émile Mayrisch

Dem Émile Mayrisch säi Papp, den Édouard Mayrisch war Dokter um Haff; seng Mamm, war d'Mathilde Metz, d'Duechter vum Adolf Metz an d'Niess vum Norbert Metz, engem Industriellen zu Eech an zu Dummeldeng a laang Zäit Minister. Hie wiisst zu Eech op, dat deemools industriellen Zentrum vu Lëtzebuerg war. Hie mécht säi Lycée an der Stad am Kolléisch an um Institut Rachez an der Belsch. Vun 1881 bis 1885 studéiert en op der Rheinisch-Westfälische Technische Hochschule zu Oochen, kritt awer keen Ofschloss, well hie sech net der Diplomprüfung stellt. Deemools war et allerdéngs zu Lëtzebuerg nach méiglech, Ingenieursaarbechten ze leeschten, ouni en Diplom mussen ze hunn.

1885 geet en op d'Diddelenger Schmelz schaffen, déi dräi Joer virdru vu sengem Groussmonni Norbert Metz gegrënnt gi war. E Joer drop geet hien op Rodange, wou hie Produktiounschef vun den Héichiewe gouf. Den 1. Februar 1891 ass en als Ingenieur-Chemiker hannescht op Diddeleng gaangen, wou e schonn zwéi Méint drop Chef vum Laboratoire gouf. Am Juli 1893 war hie Generalsekretär vun der Direktioun, an den 21. Abrëll 1897 gouf en zum Direkter vun der Diddelenger Schmelz ernannt.

An där Funktioun huet hien d'Schmelz moderniséiert a vergréissert, huet Verträg mat däitsche Liwwerante gemaach an d'Schmelz dem Stahlwerkverband ugeschloss. Och op sozialem Plang huet hien nei Moossstief fir seng Aarbechter geschaf: Krankekeess fir d'Aarbechter, Pensiounskeess fir d'Beamten, bezuelte Congé, en Economat, wou d'Aarbechter bëlleg akafe konnten, asw.

1894 bestit hie sech mat der Aline de Saint-Hubert. D'Koppel sollt zwee Kanner hunn: de Jean († 1899) an d'Andrée, genannt Schnouki (1901-1976).

1911 huet den Émile Mayrisch, no laange Verhandlungen, déi dräi Lëtzebuerger Schmelze fusionéiert kritt: d'ARBED (Aciéries Réunies de Burbach-Eich-Dudelange) war gebuer, an hie gouf techneschen Direkter vun där neier Gesellschaft. Bis zum Krich huet en d'Arbed zu engem vun deenen dichtegste Membere vum Stahlverband gemaach.

An de Krichsjoren 1914-18 huet de Mayrisch kommedéiert, datt d'Arbed viru sollt produzéieren (wouduerch och verhënnert gouf, datt vill Leit hätte missen entlooss ginn), an domat Däitschland wichteg Matière-premièrë fir Krichsmaterial geliwwert. Dowéinst gouf d'Diddelenger Schmelz 1916/18 vun den Alliéierte bombardéiert. Mä de Mayrisch huet och a senger fréierer Villa e Krichslazarett fir däitsch a franséisch Zaldoten ariichte gelooss.

Um Enn vum Krich knäppt e Verbindunge mat Frankräich, a léisst dem Jean Schlumberger, engem Schrëftsteller a Spionage-Offizéier, eng Dokumentatioun iwwer déi däitsch Krichsproduktioun zoukommen.

D'Graf vum Mayrisch a senger Fra zu Kolpech am Park mat enger Skulptur vum Charles Despiau

Nom Krich ass Lëtzebuerg aus dem Zollveräin ausgetrueden, an d'Arbed huet sech nei Ofsazmäert misse sichen. 1919 huet den Émile Mayrisch zesumme mat Schneider-Creusot d'Terres Rouges gegrënnt, géint de Widderstand vum Verwaltungsrotspresident vun der Arbed, dem Belsch Gaston Barbanson. De Mayrisch gouf geschwënn duerno President vun der Direktioun vun der Arbed, an hie war et, deen e generellt Ofkommes tëscht der däitscher, franséischer, belscher a lëtzebuergescher Stolindustrie ausgehandelt huet.

Kolpecher Frëndeskrees[änneren | Quelltext änneren]

1920 ass d'Mayrisch-Famill op Nidderkolpech geplënnert, wou s'e Schlass kaaft haten. Dëst gouf an de Joren duerno e wichtege Rendez-vous wou Schrëftsteller, Moler, Politiker an Economisten aus Europa zesumme koumen. Zum Kolpecher Frëndeskrees gezielt hunn den André Gide, de Walter Rathenau, de Jacques Rivière, de Paul Claudel, de Jean Guéhenno, d'Annette Kolb, de Théo Van Rysselberghe, d'Maria Van Rysselberghe (Fra vum Théo), de Karl Jaspers, de Bernard Groethuysen, den Ernst Robert Curtius an de Richard Coudenhove-Kalergi. Iewescht Zil vun de Mayrisch war et, en Ausgläich tëscht Däitschland a Frankräich ze fannen.

Den 30. September 1926 gëtt, alt nees no laangem Verhandelen, zu Lëtzebuerg d'Entente Internationale de l’Acier (E.I.A.) gegrënnt, wou Lëtzebuerg a seng Nopeschlänner Quote fir hir Stolproductioun festgeluecht hunn. Den Émile Mayrisch gouf President vun dësem Kartell.

1922 keeft den Émile Mayrisch e groussen Deel vun de Partë vun der liberaler Luxemburger Zeitung, wou en sengen Iddien iwwer d'däitsch-franséischt Sech-erëm-méi-no-Kommen konnt Ausdrock ginn. Zousätzlech dozou huet en 1926 de Comité Franco-Allemand d'Information et de Documentation (Deutsch-Französisches Studienkomitee) gegrënnt. Dëse Comité, deen zu Paräis an zu Berlin e Büro hat, huet sech beméit, falsch Informatiounen, déi déi 2 Länner sech an de Kapp gehäit hunn, ze widderleeën.

1926 wierdegt dann endlich seng Alma Mater, d'RWTH vun Oochen dem Émile Mayrisch seng Verdéngschter, an ernennt hien zum Eierendokter vun der RWTH. Soumat kënnt hien um Enn vu sengem Liewen awer nach zu akademische Mériten.

Den Émile Mayrisch ass 1928 bei engem Autosaccident, ënnerwee op Paräis op eng Versammlung vun der E.I.A., leie bliwwen.

Aus den Noriff an der lëtzebuergescher Press[änneren | Quelltext änneren]

  • Schließlich soll nicht verschwiegen werden, dass Emile Mayrisch politisch links eingestellt war. Freilich konnten wir uns in der letzten Zeit nicht immer mit ihm verstehen und waren wir genötigt, ihm mehr als einmal in offener und ehrlicher Fehde entegenzutreten. Es soll heute vergessen sein, nicht wegen des verlogenen Spruches "De nortuis nil nisi bene". Sondern weil tatsächlich in dem Präsidenten des Stahlkartells ein grosser Mann von uns gegangen ist. De "G.v.W. am Tageblatt vum 6. Mäerz 1928.
  • ... Unser Land darf mit Recht stolz auf diesen Luxemburger sein. Seine Gesinnungen und Überzeugungen waren nicht die unsrigen. Ja, es gab Zeiten, in denen seine und unsere Politik in scharfer Fehde gegeneindander stritten. Aber je höher er stieg und je einsichtiger er die Welt und die Menschen beurteilte, um so näher kam er unseren Anschauungen. .. Aus dem Luxemburger Wort vum 6. Mäerz 1928.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Barthel, Charles, 2008. Emile Mayrisch. In: Lieux de mémoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg. 2. Editioun, S. 97-102. S. Kmec, B. Majerus, M. Margue, P. Peporte, éditeurs. éditions saint-paul, Lëtzebuerg.
  • de Launay, Jacques, Émile Mayrisch et la politique du patronat européen 1926-1933 ; Bréissel, 1965.
  • Haag, Emile, 2011. Emile Mayrisch *1862 1928, le grand patron de l'industrie sidérurgique, In: Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles; Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2011; 576 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5, Ss 300-311.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Émile Mayrisch – Biller, Videoen oder Audiodateien