Émile Probst

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Émile Probst, gebuer de 15. Oktober 1913 zu Veianen, a gestuerwen den 2. Dezember 2004 an der Stad Lëtzebuerg[1], war e lëtzebuergesche Graphiker, Glasmoler, Karikaturist a Publizist. Hie war de Brudder vum Moler Joseph Probst.

Den Émile Probst huet zu Bréissel an zu Düsseldorf Konscht studéiert. Vu virum Zweete Weltkrich bis 1941 huet en an enger Dréckerei geschafft an 1945 war hie Matgrënner vun der Revue. Vun him stamen eng 120 Entwërf fir Kiercheglasmolereien zu Lëtzebuerg an am noen Ausland, wéi zum Beispill déi grouss faarweg Fënster an der Fëschbecher Kierch bei Miersch, iwwer der Entrée tëscht der Virhal an dem Kiercheraum. Se gouf 1957 vun der Firma Linster Frères vu Munneref gemaach.

Den Émile Probst war mat der Textilkënschtlerin Denise Massin bestuet, mat där hien en Atelier zu Bréissel hat.

Literatur [änneren]

Referenzen [änneren]

  1. Luxemburger Lexikon 2006, S. 344.