Étienne François de Choiseul

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mam franséische Minister Choiseul ënner dem Louis XV. Fir aner Bedeitunge, kuckt w.e.g. Choiseul

Den Étienne-François, comte de Stainville duerno duc de Choiseul, gebuer den 28. Juni 1719 a gestuerwen den 8. Mee 1785, war en Ambassadeur a Staatssekretär vum Louis XV.

Portrait vum Choiseul vum Carle Van Loo

Als eelste Jong vum François Joseph de Choiseul, Marquis vu Stainville (1700-1770), huet de Choiseul fir d'éischt den Titel vu sengem Papp ugeholl. Hien huet sech an der Arméi engagéiert, a war bei de Campagnen a Béimen (1741) an an Italien derbäi, ënner anerem bei der Schluecht vu Coni am Éisträicheschen Ierffollegkrich. De Choiseul hat en Don fir d'Affären a war ganz äifreg wann et ëm Aarbecht gaangen ass, mä hie war net wëllensstaark géint seng Géigner. Physesch war e kleng an ellen.

« Léger et frivole dans son privé jusqu'à l'effronterie, roué dans l'intrigue jusqu'au cynisme, il joignait aux grandes capacités de l'hommme d'État le rayonnement d'un chef de parti, et de ce double fait il a dominé la vie politique de son temps. Son amoralisme dans les affaires de l'amour et du pouvoir – inextricablement enchevêtrées au long de sa carrière – ne l'empêchait pas d'avoir, à la différence de plusieurs de ses rivaux, une conception sérieuse et personnelle des tâches politiques. Laïque et libéral – admirateur du système britannique – il ne semble pas qu'il se fût jamais fortement attaché au projet de réformer l'État, bien qu'il en conçût la nécessité. Son domaine favori était la politique extérieure, où il incarne une vue exigeante, mais non point déraisonnable ni stérile de la fierté nationale et du "leadership" français. Il disputait à Kaunitz le titre de "cocher de l'Europe". » (Edgar Faure)

Vun 1745 bis 1748 war hien an Holland bei de Belagerunge vu Mons, Charleroi a Maastricht derbai. Hie koum bis zum Rang vum Generollieutenant. 1750 huet hie sech mat der Louise Honorine Crozat, der Duechter vum Louis François Crozat, Marquis du Châtel (zanter 1750), bestuet, wat him e grousse Räichtum abruecht huet.

De Choiseul krut d'Faveur vun der Madame de Pompadour wéi hien hir Bréiwer vum Louis XV. u seng Kusinn d'Madame de Choiseul-Romanet gewisen huet, mat där de Kinnek eng galant Aventure hat. Nodeem e kuerz Bailli vun de Vogese war, gouf hien als Ambassadeur op Roum am Joer 1753 geschéckt. wou hien d'Verhandlunge ronderëm d'peepstlech Bulle Unigenitus gefouert huet. Hie war ganz efficace a seng Protectrice huet hien duerno op Wien geschéckt, wou hien déi nei Allianz tëscht Frankräich an Éisträich festege sollt.

Duerch seng Réussite konnt hien de Poste vum Staatssekretär fir d'auslännesch Affäre kréien (1758-1761/1766-1770), als Nofolger vum Antoine Louis Rouillé an domat d'franséisch Diplomatie während dem Siwejärege Krich steieren.

Hie krut den Herzogstitel a gouf zu engem Pair de France. Am Joer 1761 krut hien ausserdeem d'Charge vum Staatssekretär fir de Krich a fir d'Marin. Säi Cousin, de Choiseul-Praslin, huet säi Poste beim Ausseministère iwwerholl. 1766 koum de Choiseul zréck bei den Ausseministère an de Choiseul-Praslin huet d'Marine iwwerholl.

Wéi hien un d'Muecht koum ass, war d'Moral no den Defaite vu Rossbach a Krefeld relatif déif, a sou huet hie versicht, de Konflikt séier op en Enn ze bréngen. 1763 gouf den Traité vu Paräis ënnerschriwwen, duerch dee Groussbritannien de Kanada an Indie krut. An der Hoffnung datt sech d'Verhältnesser an engem neie Konflikt, dee Frankräich gewanne ging, géifen änneren, huet hie mat vill Energie d'Marin an d'Arméi reforméiert. Hien huet an d'Kolonie vun den Antillen investéiert, virun allem Saint-Domingue, an ënner dem Choiseul koumen och Korsika a Loutrengen zu Frankräich. Seng intern Gestioun gouf vun den Encyklopediste favorabel opgeholl, déi hien ënnerstëtzt huet, ënner anerem duerch d'Verbanne vun de Jesuiten.

Mä de Choiseul hat net nëmme Frënn, an ënner anerem duerch d'Ënnerstëtzung déi hien dem Louis-René Caradeuc de La Chalotais ginn huet, an d'Oppositioun vun de Parlamenter vun de Provënze koum et zu senger Chute. Seng Feinde goufe ugefouert vun der Madame du Barry, der Maîtresse vum Kinnek, an dem Kanzler Maupeou, a si haten Erfolleg : 1770 krut de Choiseul den Uerder, sech op säi Schlass vu Chanteloup bei Amboise zréckzezéien. D'Intrige géint hien haten awer seng Popularitéit nëmmen nach méi grouss gemaach, a während senger Verbannung, déi bis 1774 ugedauert huet, krut hien dacks Besuch vu wichtege Perséinlechkeeten. Hie gouf domat zu engem richtege Chef vun der Oppositioun. Den Abt Morellet huet 1773 geschriwwen: « Le duc de Choiseul, exilé à Chanteloup, y avait toute la France ». A sengem Park huet hie vu sengem Architekt Louis-Denis Le Camus eng Pagod vu siwe Stäck baue gelooss - déi haut nach do steet - wou d'Nimm vun 210 héichgestallte Persounen agravéiert sinn, déi hien a sengem Exil besicht hunn. Seng Partisanen hu weider all Reformversich zerstéiert, e Paradox vun engem Liberalen deen un der Spëtzt vu lauter Konservative stoung.

Wéi de Louis XVI. op den Troun komm ass, huet de Choiseul gehofft, nees un d'Muecht ze kommen. Den Doud vum Louis XV. an den Exil vun der Du Barry ware favorabel. De Choiseul hat Erfarung a war ganz beléift. Ausserdeem war hien de Mann vun der Allianz tëscht Frankräich an Éisträich. Mee, obschonn d'Marie-Antoinette de Choiseul appreciéiert huet, sou war awer d'Maria Theresia ganz mam Herzog vun Aiguillon zefridden. De Louis XVI. konnt dem Choiseul och net verzeihen, datt hie sech sou vif géint säi Papp opgestallt hat, deemools Dauphin. Hei goung et ëm eng Affär déi d'Jesuiten interesséiert hat, an d'ganz Geschicht gouf sou opgebauscht, datt et 1765 nom Doud vum Dauphin zu Rumeure koum, de Choiseul hätt hie vergëft. De Kinnek huet him awer erlaabt, nees op Paräis ze kommen. Den 12. Juni 1774 koum de Choiseul nees un den Haff, mä de Conseil war fest an den Hänn vum Maurepas an de Vergennes war Staatssekretär fir d'auslännesch Affären. De Louis XVI. huet hien net immens frëndlech empfaangen, a sot zu him nëmmen : « Monsieur de Choiseul, vous avez perdu une partie de vos cheveux. » De Choiseul huet verstanen, datt hie sech hei näischt méi erhoffe konnt, an ass den Dag drop nees op säi Schlass vu Chanteloup gefuer.

Hien ass den 8. Mee 1785 gestuerwen.

Literatur zum Thema[änneren | Quelltext änneren]

  • Anne Brienne, Le duc de Choiseul. La France sous Louis XV, Albatros, Paräis, 1986 ;
  • Jean de Choiseul, Les Choiseul et l'histoire, éd. du Papyrus, 1988 ;
  • Guy Chaussinand-Nogaret, Choiseul (1719–1785). Naissance de la gauche, Perrin, Koll. « Histoire », Paräis, 1998 (ISBN 2-262-01278-4).