Étienne Galowich

Vu Wikipedia
Étienne Galowich
Gebuer 6. Mee 1872
Novi Sad
Gestuerwen 16. Mäerz 1925
Lëtzebuerg
Nationalitéit Éisträich-Ungarn, Lëtzebuerg

Den Étienne (och István oder Stephan) Galowich, gebuer de 6. Mee 1872 zu Újvidék a Serbien, a gestuerwen de 16. Mäerz 1925 an der Stad Lëtzebuerg, war e Konschtschmadd.

Am Ufank hat hien déi ungaresch Nationalitéit, gouf awer 1905 duerch Naturalisatioun Lëtzebuerger.

Den Étienne Galowich huet als Chef d'Atelier an der École d'Artisans an der Stad Lëtzebuerg geschafft.

1913 krut hien, zesumme mat der Angélina Drumaux, de Prix Grand-Duc Adolphe.