Étienne Schmit

Vu Wikipedia
Étienne Schmit
Gebuer 22. Oktober 1889
Rammerech
Gestuerwen 19. Dezember 1937
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Affekot
Partei Radikal-Liberal Partei

Den Étienne Schmit, gebuer den 22. Oktober 1886 zu Rammerech, a gestuerwen den 19. Dezember 1937 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Jurist a Politiker.

Liewen a Karriär[änneren | Quelltext änneren]

D'Monument zu Éiere vum Étienne Schmit zu Kietscht
Rond-point zu Kietscht, mam Monument zu Éiere vum Étienne Schmit

Den Étienne Schmit war am Ufank vu senger berufflecher Carrière Affekot um Barreau zu Lëtzebuerg. Duerno gouf hien d'éischt Friddensriichter an duerno Substitut ier hie President vum Tribunal de commerce ginn ass.[1]

Hie war vun 1925 bis 1926 Generaldirekter (Minister) fir Finanzen a Bildung an der Regierung Prüm, vun 1932 bis 1936 Generaldirekter fir Bauten, Handel an Industrie an der Regierung Bech an 1937, vum 5. November bis zu sengem Doud, den 19. Dezember, Minister fir den Interieur, Handel, Industrie an Transport an der Regierung Dupong-Krier.

Hie war och vun 1929 bis 1931 am Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg.

Den Étienne Schmit war de Papp vun der Yvonne Schmit (1910-2003), der Fra vum Lucien Wercollier.

Hien ass um Nikloskierfecht um Lampertsbierg begruewen.

Éierung[änneren | Quelltext änneren]

Zu Kietscht, um Rond-Point deen no him genannt ass (place Étienne Schmit) steet e Monument mat engem Buste vum Étienne Schmit.

Gielercher[2][änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]


Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Begräbnisfeierlichkeiten von Innenminister Etienne SCHMIT am Tageblatt vum 23. Dezember 1937
  2. Doudesannonce vum Etienne Schmit am Escher Tageblatt vum 21. Dezember 1937 Gearchiveerd op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2015-02-22.
  3. Memorial A N° 5 vun 1935 mat der Lëscht vun de Leit déi 1935 mam ordre de la couronne de chêne ausgezeechent goufen Gearchiveerd op 2011-09-26. Gekuckt de(n) 2013-01-12.