Évrange

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Évrange
lb: Iewrengen
Land Flag of France.svg Frankräich
Regioun Blason Lorraine.svg Loutrengen
Departement Blason département fr Moselle.svg Moselle
Arrondissement Thionville-Est
Kanton Cattenom
Code Insee 57203
Postcode 57570
Koordinaten 49° 30' 08" N
06° 11' 48" O
Fläch Uertschaft  225 ha
Bevëlkerung Uertschaft  190 (2007)

Évrange, op Lëtzebuergesch Iewrengen, ass eng franséisch Grenzuertschaft a Gemeng am Departement Moselle a Loutrengen. Si mécht d'Grenz mat Lëtzebuerg bei Fréiseng.

D'Duerf gouf am Joer 963 fir d'éischt als Ebiringon ernimmt, a war no dem Wiener Kongress eng lëtzebuergesch Exklav op franséischem Gebitt. Den 28. Mäerz 1820 huet Lëtzebuerg d'Uertschaft u Frankräich zeréckginn.

Den Uert, deen zum Arrondissement vun Diddenuewen-Ost gehéiert, huet 191 Awunner (Stand 2005).

Évrange läit béidsäiteg vun der franséischer RD53 fréier Nationale 53 an domat op der Voie de la Liberté.

Kuriéis ass datt et zu Iewrengen zwou Maarke mat demselwechte Numero gouf, an zwar N° 26. Eng dervunner stoung praktesch op der Grenz an déi aner 300 Meter dervunner ewech an der Uertschaft op der Gafel wou et op Preisch geet. Wéi am Joer 2009, wéinst dem Deklassement vun der Nationalstrooss d'Signalisatioun frëschgemaach gouf, goufen déi al bëtongs Kilometersteng vun der Voie de la Liberté duerch plastikser ersat, an et ass nëmme méi ee mat dem Numero 26 bliwwen.

Nopeschuertschaften[änneren]

Kuckt och[änneren]


Gemeng
Kierch
Déi fréier Schoul

Um Spaweck[änneren]