Ëffentlech Sécherheet

Vu Wikipedia

D'ëffentlech Sécherheet ass eng vun de wesentlechen Aufgabe vun engem Staatswiesen. Wärend an der Vergaangenheet d'Verdeedegung (baussecht Sécherheet) dat war, wat e souveräne Staat ausgemaach huet an déi bannescht Sécherheet an éischter Linn eng geheim a politesch Saach war, wou et dorëm gaangen ass, dem Vollek no ze spionéieren, sou huet sech an der moderner Zäit eng méi demokratesch Visioun duerchgesat.

Ëffentlech Sécherheet ass hautdesdaags an éischter Linn als e Recht vum Bierger unzegesinn a gëtt vun der Police assuréiert. Dobäi huet d'Police sech aus der Politik erauszehalen an däerf nëmmen d'ëffentlech Uerdnung an der Riicht halen (Police administrative) a Gesetzesiwwertriedunge verfollegen (Police judiciaire).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]