Ëmdréiung

Vu Wikipedia

De Begrëff Ëmdréiung kennzeechent eng Dréibeweegung am Zesummenhank mat enger Zuel. Zum Beispill bei der Angab „5 Ëmdréiungen“ huet de Begrëff Ëmdréiung d'Bedeitung vun enger Hëllefsmoosseenheet - gläichwäerteg wéi bei enger Zäitangab „5 Sekonnen“, bei där d'Sekonn d'Bedeitung vun enger Moosseenheet huet.

Eng Ëmdréiung als Zuelmooss ass gläichwäerteg mat engem Vollwénkel als Wénkelmooss.

D'Zuel vun den Ëmdréiunge pro Zäit bezeechent een als Dréizuel. Meeschtens ginn déi gezielt Ëmdréiungen an der Eenheet pro Minutt (min−1) uginn. Et kann een awer och eng Ëmlaffrequenz an Hz uginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]