Ëmlafzäit
D'Ëmlafzäit ass an der Astronomie déi Zäit, an där en Himmelskierper op senger Ëmlafbunn eng vollstänneg Ëmdréiung vun 360° zu engem Bezuchspunkt mécht.
Dobäi ass ze beuechten, datt et verschidde Bezuchspunkte ka ginn. Sou kann z. B. d'Ëmlafzäit vum Äerdmound mat oder ouni Arechnung vun de gläichzäitege Bewegunge vun der Äerd ëm d'Sonn ugesi ginn.
Wann een dëst méi einfach mécht, kënnt een op déi folgend Formel: 360-a²+-m/n wann k<0 ass.
Normalerweis gëtt een d'Ëmlafzäit par rapport zu engem wa méiglech statesche Bezuchssystem un;
- Entweder déngt dofir de Stärenhimmel, esou eng Ëmlafzäit gëtt sideresch Period (relativ zu de Stären) genannt.
- Oder d'Ëmlafzäit gëtt am Orbitalplang gemooss, dat ass d' anomalistesch Period, d' Bunnperiod, wéi se sech aus dem drëtte Keplergesetz ergëtt. Si gëtt bei de Planéite vum Sonnesystem uginn.
De Bezuch kann awer och déi (schäinbar) Sonnepositioun sinn (Synodesch Period), d'Kniet vun eenzelne Planéitebunnen (drakonitesch Period), de Schwéierpunkt vum ganze Sonnesystem oder vun zwéi vu senge Kierper (baryzentresch Period) oder de „Rescht vum Universum“ sinn (kuckt Inertialsystem).