Ënnerzwerg
Ënnerzwerge si Stären, déi am Vergläich zu „normale“ Stäre bei gläicher Temperatur (eigentlech Effektivtemperatur) däitlech méi liichtschwaach sinn.
Astronomesch korrekt ausgedréckt leien Ënnerzwerge am Hertzsprung-Russell-Diagramm ongeféier 1-2 Magnituden ënnert der Haaptrei. Et ënnerscheet een dobäi kill a waarm Ënnerzwergen, déi zwou komplett verschidde Klasse formen an deenen hir Membere sech a ganz verschidden Entwécklungsstadie befannen. Bei béide Klassen däerf aus der Positioun am Hertzsprung-Russell-Diagramm net op eng intrinsesch Liichtschwächt geduecht ginn; si besiedelen nëmmen e Beräich niewent der Haaptrei.
Kill Ënnerzwerge [änneren]
Dës Stäre si vum Spektraltyp G bis M respektiv sdG bis sdM. Si si metallaarm, awer och Haaptreiestäre. Duerch déi niddreg Metallheefegkeet ännert sech d'Absorptiounsverhale vum Stärkär an domat den Energietransport am Stär. Dat huet zum Schluss Auswiirkungen op d'Struktur a soumat wat fir e Radius, wat fir eng Liichtkraaft a wat fir eng Effektivtemperatur e Stär mat enger gewëssener Mass huet. Vergläicht een elo mat enger bestëmmtener Mass „normal“ Zwergstäre mat Ënnerzwerge, sou ginn Ënerzwerge méi waarm (dat heescht si wanderen no lénks am Hertzsprung-Russell-Diagramm) a gläichzäiteg méi hell (dat heescht si wanderen nees no uewen zu der Haaptrei hin), nëmmen gi si net hell genuch, fir nees op déi normal Haaptrei ze kommen. Esou formen Ënnerzwerge eng eegen Haaptrei ënnert der gewinntener a gi fälschlecherweis als liichtschwaach bezeechent.
Kill Ënnerzwerge sinn am Allgemenge ganz al sougenannte Populatioun II Stäre. E Beispill fir dësen Typ ass de Kapteyns Stär.
Waarm oder blo Ënnerzwerge [änneren]
Dës Stäre si vum Spektraltyp O oder B, dann och sdO, sdOB oder sdB genannt, an entspriechend méi waarm wéi 10000 K. D'Natur vun dëse Stären ass nach ëmmer net ganz kloer, awer d'Wësseschaft geet am Moment dovun aus, datt et sech ëm heliumbrennend Stären handelt, déi nëmmen eng ganz dënn Waasserstoffhüll hunn. Normalerweis brennt e Stär nom Roude Ris-Stadium Helium ënnert enger masseräicher Waasserstoffschuel. Waarm Ënnerzwerge sinn, (nom leschte Stand an der Fuerschung), d'Käre vun esou Stären, déi awer hir Hüll verluer hunn.
Am Verglach zu Stäre vun der Haaptrei sinn dës Stäre ganz anescht opgebaut a stinn dofir op enger anerer Plaz am Hertzsprung-Russell-Diagramm; an dësem Fall ass hir Positioun lénks ënne vun der Haaptrei.