Ënneschten an ieweschte Planéit

Vu Wikipedia
D'Sonn an d'Planéite vum Sonnesystem. (D'Gréisste sinn an dëser Graphik korrekt, awer d'Ofstänn si staark reduzéiert.)

D'Andeelung vun de Planéite vum Sonnesystem an ënnescht Planéite an iewescht Planéite an der Observatiounsastronomie bezitt sech op déi ënnerschiddlech Observatiounsbedéngungen duerch d'Gréisst vun hirer Ëmlafbunn relativ zu der Äerdbunn. Déi ënnescht Planéite kreesen ëm d'Sonn bannenzeg vun der Äerdbunn, déi iewescht baussenzeg.

Iwwerbléck[änneren | Quelltext änneren]

Déi ënnescht Planéite sinn:

Déi iewescht Planéite sinn:

Konjunktiounen[änneren | Quelltext änneren]

Konjunktiounen

All ënnescht Planéite kommen am Ofstand vun hirer synodescher Period an ënneschte respektiv iewescht Konjunktioun: Si stinn da vun der Äerd aus gesi gewëssermoossen "vir" respektiv "hannert" der Sonn um Daghimmel. An de Méint vir- an no beschreiwe si um Stärenhimmel Schleefen ëm d'Sonn. Si kënne vun der Sonn ni ee gréissere Wénkelofstand wéi z. B. 20° (Merkur) respektiv 45° (Venus) erreechen.

Fir déi iewescht Planéite gëtt et dogéint nëmmen eng Aart vu Konjunktioun ("hannert" der Sonn), gläich enger ieweschter. Am Plaz vun enger ënneschter Konjunktioun komme si an Oppositioun: Si stinn dann um Mëtternuechthimmel, géigeniwwer der Sonn. An de Méint vir- an no beschreiwe si um Stärenhimmel vun der Äerd aus gesinn eng laanggezunne Schleef, well si vun der Äerd souzesoen op der bannenzeger Bunn "iwwerholl" ginn.

Bannenzeg a baussenzeg Planéiten[änneren | Quelltext änneren]

Deemgéigeniwwer bezitt sech déi planetologesch Ënnerdeelung a bannenzeg a baussenzeg Planéiten op hirer Positioun bannenzeg respektiv baussenzeg vun der Asteroidenceinture, no där si sech an hirem cheemeschen Opbau däitlech ënnerscheeden.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Meyers Handbuch Weltall. Meyers Lexikonverlag Mannheim Leipzig Wien Zürich 1994, S. 86–87. ISBN 3-411-07757-3