Ëtteng

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Ottange
lb: Ëtteng
center}}}
Land Flag of France.svg Frankräich
Regioun Blason Lorraine.svg Loutrengen
Departement Blason département fr Moselle.svg Moselle
Arrondissement Thionville-Ouest
Kanton Fontoy
Code Insee 57411
Postcode 57650
Koordinaten Gnome-globe.svg49° 26’ 35’’ N
     06° 01’ 09’’ O
Fläch Gemeng  1.548 ha
Bevëlkerung Gemeng  2.590 (2005)
Fläch Uertschaft  797 ha
Bevëlkerung Uertschaft  315 (2005)

Ottange (Ëtteng op Lëtzebuergesch) ass eng franséisch Stad a Gemeng am Departement Moselle a Loutrengen, direkt op der Grenz mat Lëtzebuerg. Grad wéi de lëtzebuergeschen Nopeschuert Rëmeleng ass Ëtteng markéiert duerch d'Exploitatioun vun de Minettsvirkommen.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Minièren zu Ëtteng Nuvola apps xmag.png

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Fir d'éischt Kéier gëtt Ëtteng am Joer 1051 als Ottingin ernimmt. Vum 13. bis d'18. Joerhonnert war d'Herrschaft iwwer Ëtteng an den Hänn vun der Famill vun Eltz, an duerno vun Hunolstein.

De Christophe vun Eltz hat 1518 den éischten Héichuewen do baue gelooss.

D'Par Nonkeel huet fréier zum Äerzbistum Tréier gehéiert.

1812 geet d'Gemeng Nonkeel an Ëtteng op. Ufank vum 19. Joerhonnert ass déi lescht Buerg no engem Brand als Steebroch benotzt ginn. Wat nach dovun iwwreg war ass de 16. Februar 1930 als Baudenkmal klasséiert ginn.

Wéi an der Mëtt vum 19. Joerhonnert d'Minett erëmentdeckt gouf, ass eng Galerie no där anerer an de Fiels gedriwwe ginn. Un Dagebau war net wierklech ze denken, well duerch den Ëttenger Spronk d'Minnette méi déif louch wéi nach zu Rëmeleng. Ganz ënnerierdesch Stied si gegruewe ginn, aus Profitgier och ënner den Duerfkär vun Ëtteng selwer, op d'Gefor hin datt ganz Haiser riskéieren, op ee Coup am Buedem ze verschwannen. Déi ofgebaut Minett ass mat enger Minettseelbunn vun 12,7 Kilometer Längt op d'Déifferdenger Schmelz gefouert ginn.

Wopen[änneren | Quelltext änneren]

Ëtteng.jpg

Iwwer de Wope vun Ëtteng gouf de 4. November 1955 an der Gemeng ofgestëmmt.

Op Avis vun der commission héraldique départementale vum 17. Mee 1956 huet de Prefect vum Departement den 12. Juli 1956 de Wopen accordéiert.

Beschreiwung am Originaltext:

D'or à deux marteaux de sable, à l'écu en coeur de gueules, à l'aigle d'or couronné d'azur.

Nopeschuertschaften[änneren | Quelltext änneren]

Jumelagen[änneren | Quelltext änneren]

Als Erënnerung un d'Evakuatioun vun den Ëttenger am Zweete Weltkrich huet d'Gemeng met deene Gemengen, déi deemools déi Ëttenger Leit opgeholl hunn, den 10. Oktober 1989 eng Charte d'amitié ënnerschriwwen.

Et sinn dat:

Angliers - Moncontour - Saint-Jean-de-Sauves - Messais - Ouzilly - Vignolles - Saint-Chartres

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Gemeng vun Ëtteng

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Cortesi, O. Ottange-Nondkeil, chroniques historiques, Fensch Vallee, 2005

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]