Şükrü-Saracoğlu-Stadion
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Şükrü-Saracoğlu-Stadion ass e Fousballsstadion am Distrikt Kadıköy vun Istanbul an der Tierkei. Et ass e Stadion dee komplett mat Sëtzplazen equipéiert ass, a mat 50.509 Plazen ass en nom Atatürk Olympia Stadion an no der Türk Telekom Arena den drëttgréisste Foussballsstadion an der Tierkei.
D'Foussballfeld ass 105 x 68 m grouss, a vun der UEFA gëtt et an der Klass vun de Fënnefstärestadione gefouert.
Den Numm gouf 1998 zu Éiere vum fréiere Ministerpresident a fréiere President vu Fenerbahçe Mehmet Şükrü Saracoğlu verginn.
Et ass de Stadion op deem de Fenerbahçe seng Heemspiller ausdréit.
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Şükrü-Saracoğlu-Stadion – Biller, Videoen oder Audiodateien |