Štefánik-Observatoire
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Geographesch Koordinaten:
50° 04’ 52.3’’ N 14° 23’ 53.6’’ O
D'Haaptinstrument vum Observatoire, en Zeiss-Duebelrefrakter aus dem Joer 1908
De Štefánik-Observatoire (tschechesch: Štefánikova hvězdárna) ass en Observatoire um Petřín-Hiwwel am Zentrum vu Prag. Et gouf 1928 gegrënnt an ass nom slowakeschen Astronom Milan Rastislav Štefánik genannt. De Schwéierpunkt vum Observatoire läit haut doran, d'Astronomie an déi ugrenzend Wëssenschaften engem breede Publikum zougänglech ze maachen.
Instrumenter [änneren]
D'Haaptteleskope sinn, an der Haaptkuppel dem Wiener Selenograph Rudolf König säin Zeiss-Duebelrefrakter (zënter 1928), an an der westlecher Kuppel e Maksutov-Cassegrain-Teleskop (zënter 1976). Déi ëstlech Kuppel vum Observatoire gëtt nëmme fir wëssenschaftlech Observatioune gebraucht an huet zënter 1999 e 40 cm-Meade-Spigelteleskop.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Štefánik-Observatorium – Biller, Videoen oder Audiodateien |