(101955) 1999 RQ36
| (101955) 1999 RQ36 | |
|---|---|
|
Radar Bild opgeholl vum Arecibo-Observatoire
|
|
| Orbittyp | Apollo-Typ |
| Positioun (Equinoxe: J2000.0) | |
| Grouss Hallefachs | 1,126 A.E. |
| Perihel – Aphel | 0,897 – 1,356 AE |
| Exzentrizitéit | 0,204 |
| Inklinatioun | 6,035 Grad |
| Sideresch Ëmlafzäit | 436,6 Deeg |
| Mëttel Bunnvitesse | ? km/s |
| Physikalesch Eegeschaften | |
| Duerchmiesser | ~ 510 m |
| Mass | ? kg |
| Mëttel Dicht | 0.97 t/m³ |
| Rotatiounsperiod | 2,15 h |
| Absolut Hellegkeet | 20,8 ± 0,7 |
| Spektralklass | |
| Entdecker LINEAR | |
| Entdeckungsjoer | 11. September 1999 |
| Aner Bezeechnungen | |
Den (101955) 1999 RQ36 ass en Asteroid vum Apollo-Typ. E gouf den 11. September 1999 am Kader vum LINEAR-Projet entdeckt. Säin Duerchmiesser läit bei 510 m. Den Asteroid gëtt vum Arecibo-Observatoire a vum Goldstone Deep Space Communications Complex extensiv observéiert.
Eng Studie vum Andrea Milani berechent eng Serie vu méiglechen Zesummestéiss mat der Äerd am Zäitraum vun 2169 bis 2199. D'Wahrscheinlechkeet vun engem Aschlag hänkt vun de bis elo nëmme wéineg bekannte physikaleschen Eegeschafte vum Asteroid of, läit awer ënner 0,07 %.[1] Fir prezis Date maachen ze kënnen, gouf den Asteroid vun 1999 bis 2011 observéiert, fir eng genee Virstellung vun der Beschafenheet a Struktur ze kréien an och fir d'Auswierkunge vum Jarkowski-Effet op d'Bunn besser ofschätzen ze kënnen. Sou konnt eng Dicht vun 0.97 t/m³ bei engem Gewiicht vun 62 × 10⁹ kg duerch déi gemoosse Bunnofweechung vun 160 km bestëmmt ginn.[2]
1999 RQ36 gouf och dacks als Zil fir Raumsonden a Betruecht gezunn, sou zum Beispill fir déi geplangten OSIRIS Missioun.
De 25. Mee 2011 hat d'NASA bekannt ginn, datt bei der Missioun OSIRIS-REx den 1999 RQ36 ugeflu soll ginn[3].
Kuckt och [änneren]
Referenzen [änneren]
- ↑ Long-term impact risk for (101955) 1999 RQ36 Authors: Andrea Milani, Steven R. Chesley, Maria Eugenia Sansaturio, Fabrizio Bernardi, Giovanni B. Valsecchi, Oscar Arratia
- ↑ [1] scienceticker ofgeruff de 26.5.2012
- ↑ NASA to Launch New Science Mission to Asteroid in 2016: http://www.nasa.gov/topics/solarsystem/features/osiris-rex.html 25. Mai 2011