(136472) Makemake

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
(136472) Makemake (Zwergplanéit)
Foto vum Hubble-Weltraumteleskop, 25. Abrëll 2007
Orbittyp Kuiperceinture
Positioun (Equinoxe: J2000.0)
Grouss Hallefachs 45.660 A.E.
PerihelAphel 38,543 – 52,778 AE
Exzentrizitéit 0,156
Bunnschréiegt 28,998 Grad
Sideresch Ëmlafzäit 308,540
Mëttel Bunnvitesse 4,404 km/s
Physikalesch Eegeschaften
Duerchmiesser 1800 km
Mass  ? kg
Albedo
Mëttel Dicht  ? g/cm3
Rotatiounsperiod
Visuell Hellegkeet 17 mag
Spektralklass
Entdecker M. Brown,
C. Trujillo
D. Rabinowitz
Entdeckungsjoer 31. Mäerz 2005
Aner Bezeechnungen

(136472) Makemake, fréier provisoresch Bezeechnung 2005 FY9, ass en Zwergplanéit vun der Ënnerklass Plutoide an der Kuiperceinture.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Entdeckung

Den Himmelskierper gouf den 31. Mäerz 2005 vum Mike Brown (CalTech), dem Chad Trujillo (Gemini-Observatoire) an dem David Rabinowitz (Yale-Universitéit) mat dem Oschin-Schmidt-Teleskop um Mount Palomar Observatoire entdeckt. D’Objet krut vum Entdeckerteam déi inoffiziell Aarbechtsbezeechnung „Easterbunny“ (Ouschterhues).

D’Entdeckung vum Makemake gouff offiziell de 29. Juli 2005 bekannt gemaach. Deselwechten Dag goufen och déi grouss Transneptunen Haumea an Eris der Ëffentlechkeet bekannt gemaach. Dës dräi Objete stellen zesumme mam Pluto no haitegem Wëssen déi véier gréisst bekannt Kuiperceintureobjeten duer. Den Duerchmiesser vum Makemake gëtt op 1.800 Kilometer geschat (ca. 75 % vun der Gréisst vum Pluto). Seng visuell Hellegkeet läit bei ronn 17 mag, woumat hien den zweethellsten Objet nom Pluto an der Kuiperceinture ass.

[änneren] Numm

Am Juli 2008 krut hien den Numm Makemake no der Schëpfergottheet vun der Ouschterinselkultur.[1]

[änneren] Eegeschafte

De Makemake beweegt sech op enger elliptescher Ëmlafbunn am Ofstand tëschent 38,5 AE (Perihel) an 52,8 AE (Aphel) ëm d'Sonn. D'Bunn ass ronn 29° géint d'Ekliptik gebéit. Fir en Ëmlaf ronderëm d'Sonn braucht den Zwergplanéit ronn 309 Joer.

D'Bunn vum Makemake (blo) am Vergläich zu de Bunne vum Pluto (rout), Haumea (gréng) a Neptun (gro)

De Makemake ass méi grouss wéi den Ceres. Duerch seng Gréisst ass hie wahrscheinlech am hydrostatesche Gläichgewiicht a bal kugelfërmeg.

No der Entscheedung vun der Internationaler Astronomescher Unioun (IAU) vum 11. Juni 2008 gouf en der Kategorie vun de Plutoiden, enger Ënnerkategorie vun de Zwergplanéiten, zougeschriwwen, well seng absolut Hellegkeet méi kleng wéi +1 mag ass.[2]

[änneren] Kuckt och

Saturn 01.svg Portal Astronomie

[änneren] Referenzen

[änneren] Um Spaweck

Commons: Makemake – Biller, Videoen oder Audiodateien

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen