(1620) Geographos
|
|
|
|---|---|
| Orbittyp | Apollo-Typ |
| Positioun (Equinoxe: J2000.0) | |
| Grouss Hallefachs | 1,2455 A.E. |
| Perihel – Aphel | 0,8277 – 1.6632 AE |
| Exzentrizitéit | 0,3354 |
| Inklinatioun | 13,341 Grad |
| Sideresch Ëmlafzäit | 1,39 Joer |
| Mëttel Bunnvitesse | 26,69 km/s |
| Physikalesch Eegenschaften | |
| Duerchmiesser | 5 x 2 x 1,5 km |
| Mass | ? kg |
| Albedo | 0,19 |
| Mëttel Dicht | ? g/cm3 |
| Rotatiounsperiod | 5,13 h |
| Absolut Hellegkeet | 15,6 |
| Spektralklass | S-Typ |
| Entdecker A. Wilson, R. Minkowski | |
| Entdeckungsdatum | 14. September 1951 |
| Aner Bezeechnungen | 1951 RA, 1983 CY3 |
De (1620) Geographos ass en Äerdnoen Asteroid (Planetoid) aus der Grupp vun den Apollo-Asteroiden. Dat sinn Himmelskierperen, déi eis Äerdbunn kräize kënnen.
Den Asteroid gouf de 14. September 1951 um Mount-Palomar-Observatoire vun den Astronomen Albert George Wilson a Rudolf Minkowski entdeckt. Den Numm bedeit Geograph an den Numm ass zu Éiere vun der National Geographic Society.
E beweegt sech tëschent 0,8277 AE (Perihel) an 1,6632 AE (Aphel) a ronn 508 Deeg ëm eis Sonn. D'Bunnexzentrizitéit ass 0,3354, an d'Bunn ass ëm 13,341° géint d'Ekliptik gebéit.
Am Joer 1994 hu Radarobservatiounen erginn, datt et sech beim Geographos ëm e längelzechen Objet vu 5 × 2 × 1,5 km Ausdeenung handelt. Den Asteroid rotéiert a ronn 5 Stonnen an 13 Minutten ëm seng eegen Achs.
