(1862) Apollo

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Asteroid (1862) Apollo. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Apollo.
(1862) Apollo
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Apollo-Asteroid
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 1,471 A.E.
Exzentrizitéit 0,560
Sideresch Ëmlafzäit 1 Joer 287 Deeg
Mëttel Bunnvitess 24,533 km/s
Inklinatioun 6,357 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 1,4 km
Mass 2×1012 kg
Rotatiounsperiod 3 h 4 min
Albedo 0,25
Absolut Hellegkeet 16,25
Spektralklass Q-Typ
Entdeckung
Entdecker Karl Wilhelm Reinmuth
Entdeckungsdatum 24. Abrëll 1932
Plaz Landesobservatoire Heidelberg-Königstuhl
Aner Bezeechnungen 1932 HA


Nom (1862) Apollo gëtt eng ganz Grupp vun Asteroide genannt. Et sinn d'Apollo-Asteroiden. Dat sinn Himmelskierper, deenen hir exzentresch Bunn d'Äerdbunn kräize kënnen.

Den Asteroid gouf am Joer 1932 vum Karl Wilhelm Reinmuth entdeckt an nom Apollon, engem Gott aus der griichescher Mythologie, benannt.

Den Apollo leeft op engem mëttleren Ofstand vun 1,471 AE a ronn 650 Deeg op enger staark exzentrescher Bunn ëm d'Sonn. Dobäi kann e bis op 5 Millioune km un d'Äerd erukommen.

Unhand vu Radarobservatioune mat dem Arecibo Observatoire gouf am Joer 2005 nogewisen, datt den Apollo vun engem klenge Mound begleet gëtt. De Begleeder huet en Duerchmiesser vu ronn 75  Meter a leeft am Ofstand vu ronn 3 km ëm den Asteroid.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]