(20000) Varuna
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| (20000) Varuna | |
|---|---|
| Orbittyp | Kuiperceinture-Objet |
| Positioun (Equinoxe: J2000.0) | |
| Grouss Hallefachs | 42,897 A.E. |
| Perihel – Aphel | 40,663 – 45,132AE |
| Exzentrizitéit | 0,052 |
| Inklinatioun | 17,200 Grad |
| Sideresch Ëmlafzäit | 280 a 351 d |
| Mëttel Bunnvitesse | 4,538 km/s |
| Physikalesch Eegeschaften | |
| Duerchmiesser | 900 (+ 125/− 145) km |
| Mass | ? kg |
| Albedo | 0,070 (+ 0,030/− 0,017) |
| Mëttel Dicht | ? g/cm3 |
| Rotatiounsperiod | (6,3442 ± 0,0002) h |
| Absolut Hellegkeet | 3,70 mag |
| Spektralklass | |
| Entdecker Robert McMillan | |
| Entdeckungsjoer | 28. November 2000 |
| Aner Bezeechnungen | 2000 WR106 |
Den (20000) Varuna ass en Asteroid, mat enger Bunn op där anerer Säit vum Planéit Neptun, deen also bannenzeg vun der Kuiperceinture leeft. Entdeckt gouf den Himmelskierper den 28. November 2000 vum Robert McMillan, engem Mataarbechter vum Spacewatch-Team um Kitt Peak-Observatoire an Arizona. Déi provisoresch Bezeechnung war 2000 WR106.
Den Asteroid krut schliisslech den Numm vun der indescher Gottheet Varuna .
Den Asteroid beweegt sech op engem mëttleren Ofstand vun 42,90 Astronomeschen Eenheeten a ronn 281 Joer ëm d'Sonn. D'Bunnexzentrizitéit ass 0,052. D'Bunn ass 17,20° géint d'Ekliptik gebéit.