(2060) Chiron
| (2060) Chiron | |
|---|---|
| Orbittyp | Zentauren |
| Positioun (Equinoxe: J2000.0) | |
| Grouss Hallefachs | 13,694 A.E. |
| Perihel – Aphel | 8,470 – 18,917 AE |
| Exzentrizitéit | 0,381 |
| Inklinatioun | 6,935 Grad |
| Sideresch Ëmlafzäit | 50 a 246 d |
| Mëttel Bunnvitesse | 8,054 km/s |
| Physikalesch Eegeschaften | |
| Duerchmiesser | tëschent 148 - 208 km |
| Mass | 2,4 - 3,0 × 1018kg |
| Albedo | 0,048 |
| Mëttel Dicht | ~ 2,0 g/cm3 |
| Rotatiounsperiod | 5 h 55 m |
| Absolut Hellegkeet | 6,5 |
| Spektralklass | B |
| Entdecker Charles Thomas Kowal | |
| Entdeckungsjoer | 18. Oktober 1977 |
| Aner Bezeechnungen | 1977 UB |
Den Asteroid (2060) Chiron gouf den 18. Oktober 1977 vum Charles Kowal um Mount Palomar-Observatoire entdeckt an nom Cheiron, Jong vum Kronos an der griichescher Mythologie an der Philyra genannt.
De Chiron war den éischten observéierten Objet, deen zu de sougenannte Zentauren zielt, déi tëschent de baussenzege Planéiten op onstabillen Ëmlafbunnen lafene. E staamt eventuell aus der Kuiperceinture. Den Duerchmiesser vum Chiron gëtt geschat op 148 - 208 km. A knapps 6 Stonne rotéiert en ëm seng eegen Achs.
1991 gouf ëm de Chiron e gasfërmege Mantel (Koma) entdeckt, wouduerch hien haut net nëmmen als Asteroid, mä och als (dee gréisste bekannte) Koméit klasséiert gëtt. Niewent senger Bezeechnung als Asteroid huet dësen Objet dofir och eng Bezeechnung als periodesche Koméit (95P/Chiron).