(2062) Aten

Vu Wikipedia
(2062) Aten
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Aten-Asteroid
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 0,967 A.E.
Exzentrizitéit 0,183
Sideresch Ëmlafzäit 347 d 4 h
Mëttel Bunnvitess 30,29 km/s
Inklinatioun 18,9 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 0,9 km
Rotatiounsperiod 1 d 16 h 46 min
Albedo 0,20
Absolut Hellegkeet 16,80
Spektralklass S-Typ
Entdeckung
Entdecker Eleanor F. Helin
Entdeckungsdatum 7. Januar 1976
Plaz Palomar-Observatoire
Aner Bezeechnungen 1976 AA


Den (2062) Aten ass en Asteroid deen enger Asteroide-Grupp, den Aten-Asteroiden den Numm ginn huet. Hir Bunne verlafe gréisstendeels bannent der Äerdbunn a kräizen d'Äerdbunn. Den Asteroid gouf nom alegyptesche Gott Aten genannt, dee besser ënner dem Numm Aton bekannt ass.

D'Bunn vum Aten verleeft tëscht 0,79 AE (Perihel) an 1,143 AE (Aphel). D'Bunnexzentrizitéit ass 0,183 woubäi d'Bunn 18,93° schréi zur Ekliptik steet.

Den 0,9 km groussen Asteroid gouf de 7. Januar 1976 vun der Eleanor F. Helin entdeckt.

Den Aten gehéiert zu der Grupp vun de silikaträichen Asteroiden. D'Albedo ass 0,2.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie