(21) Lutetia
| (21) Lutetia | |
|---|---|
| Orbittyp | Haaptceintureasteroid |
| Positioun (Equinoxe: J2000.0) | |
| Grouss Hallefachs | 2,436 A.E. |
| Perihel – Aphel | 2,039 – 2,833 AE |
| Exzentrizitéit | 0,1629 |
| Inklinatioun | 3,06 Grad |
| Sideresch Ëmlafzäit | 3 Joer 293 Deeg |
| Mëttel Bunnvitesse | 19,0 km/s |
| Physikalesch Eegeschaften | |
| Duerchmiesser | 121 × 101 × 75 km |
| Mass | ≈ 1,7 • 1018 |
| Albedo | 0,22 |
| Mëttel Dicht | ≈ 3,4 g/cm3 |
| Rotatiounsperiod | 8 Stonnen 10 Minutte |
| Absolut Hellegkeet | 7,35 |
| Spektralklass | M |
| Entdecker H.M.S. Goldschmidt | |
| Entdeckungsjoer | 15. November 1852 |
| Aner Bezeechnungen | |
(21) Lutetia ass en Asteroid vun der Asteroiden-Haaptceinture, deen de 15. November 1852 vum Hermann Mayer Salomon Goldschmidt vu sengem Wunnengsbalkon aus entdeckt gouf. De Numm Lutetia bezitt sech op de keltesche Numm vu Paräis.
Lutetia war ee vun den éischten Asteroide, déi als M-Typ-Asteroid klassifizéiert goufen. Allerdéngs weist Lutetia eng fir en M-Typ-Asteroid ongewéinlech niddreg Radar-Albedo op.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Raumsond Rosetta
Den 10. Juli 2010, 17:45 MESZ gouf (21) Lutetia während der zweeter Passage vum Asteroidenceinture vun der Raumsond Rosetta op engem Ofstand vun 3162 km mat enger Relativvitesse vu 15 km/s passéiert.[1] Während dem Laanschtfléien war (21) Lutetia 455 Millioune km vun der Äerd ewech souwéi 407 Millioune km vun der Sonn. Den 18.10 h gouf et eng Liveiwwerdroung vum Manöver am Kontrollzentrum ESOC vun der ESA zu Darmstadt. Éischt Biller vum Laanschtfluch luuchen géint 23 h vir. (21) Lutetia war domat de gréissten Asteroid, dee Besuch vun enger Weltraummissioun erhalen hat, bis déi Raumsond Dawn am Juli 2011 an en Orbit ëm déi däitlech gréisser (4) Vesta ageschwenkt hat.
Den Asteroid gouf souwuel mat der OSIRIS-Kamera, wéi och mat dem VIRTIS-Spektrometer ënnersicht. Zwou Stonnen virun dem Rendez-vous hat d'Kamera mat fotograféieren ugefaangen. Och no dem Passage goufen nach Biller opgeholl.
[änneren] Resultater
Éischt Auswäertunge vun de Biller an der Nuecht vum 10. op den 11. Juli 2010 haten erginn, datt (21) Lutetia vu risege Kratere gepräegt ass, Graten an Äerdrutscher souwéi e puer honnert Meter grouss Fielsen, wat op eng recht beweegte Geschicht hindeit.[1]
[änneren] Aspekter
| Konjunktioun | Stationär, dann réckleefeg |
Oppositioun | Stationär, dann rietsleefeg |
||
|---|---|---|---|---|---|
| Datum | Distanz | Hellegkeet | |||
| 14. Januar 2010 | 4. Mäerz 2010 | 1,82843 | 11,1 | 27. Abrëll 2010 | 23. Juli 2009 |
| 23. Mee 2011 | 3. Juli 2011 | 1,13050 | 9,4 | 14. August 2011 | 25. Oktober 2010 |
| 2. November 2012 | 22. Dezember 2012 | 1,58913 | 10,5 | 7. Februar 2013 | 9. Abrëll 2012 |
| 1. Februar 2014 | 21. Mäerz 2014 | 1,76440 | 11,0 | 14. Mee 2014 | 10. August 2013 |
| 6. Juli 2015 | 13. August 2015 | 1,03631 | 9,3 | 22. September 2015 | 17. November 2014 |
| 21. November 2016 | 10. Januar 2017 | 1,71894 | 10,8 | 1. Mäerz 2017 | 12. Mee 2016 |
[änneren] Kuckt och
[änneren] Referenzen
- ↑ 1,0 1,1 Kometensonde Rosetta sendet einzigartige Bilder vom Asteroiden Lutetia. Auf: www.dlr.de. (Ofgeruff: 11. Juli 2010, 01:00 h.)
[änneren] Weblinks
- Livebericht: Rosettas Vorbeiflug an Lutetia – Tickermeldunge aus dem ESA-Kontrollzentrum vun Darmstadt. Op: Raumfahrer.net. (Ogeruff: 19. Juli 2010, 21:36 Uhr.)
- (en) First pre-flyby images now available!– Éischt Biller vun der Rosetta-Sond. Op: ESA rosetta blog. (Ofgeruff: 11. Juli 2010, 01:29 h.)
- (en) Lutetia closest approach images. – Biller vum Rendez-vous. Op: ESA rosetta blog. (Ofgeruff: 11. Juli 2010, 01:29 h.)
- Annotated map of asteroid (21) Lutetia sci.esa.int, (ofgeruff den 12. Januar 2012)