(2101) Adonis
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| (2101) Adonis | |
|---|---|
| Orbittyp | Apollo-Typ |
| Positioun (Equinoxe: J2000.0) | |
| Grouss Hallefachs | 1,8738 A.E. |
| Perihel – Aphel | 0,4406 – 3,3069 AE |
| Exzentrizitéit | 0,7649 |
| Inklinatioun | 1,348 Grad |
| Sideresch Ëmlafzäit | 936,9 Deeg |
| Mëttel Bunnvitesse | 21,76 km/s |
| Physikalesch Eegeschaften | |
| Duerchmiesser | 0,5 bis 1,2 km |
| Mass | |
| Albedo | |
| Mëttel Dicht | |
| Rotatiounsperiod | |
| Absolut Hellegkeet | 18,7 |
| Spektralklass | C |
| Entdecker Eugène J. Delporte | |
| Entdeckungsjoer | 12. Februar 1936 |
| Aner Bezeechnungen | 1936 CA |
Den (2101) Adonis ass en äerdnoen Asteroid aus der Grupp vun den Apollo-Asteroiden. Dat sinn Himmelskierper, deenen hir Bunn d'Äerdbunn kräize kann.
Den Adonis gouf den 12. Februar 1936 vum Eugène Delporte entdeckt a nom Adonis, engem schéine Jong aus der griichescher Mythologie genannt.
Den Asteroid goung spéider verluer a konnt eréischt 1977 nees zréckentdeckt ginn. Berechnungen hu gewisen, datt den Adonis am Joer 1926 bis op 2,5 Millioune Kilometer un eis Äerd eru koum.
Den Adonis leeft op enger exzentrescher Bunn tëschent 0,4406 AE (Perihel) an 3,3069 AE (Aphel) an 2,56 Joer ëm d'Sonn. D'Bunnexzentrizitéit ass 0,7649, woubäi d'Bunn 1,348° géint d'Ekliptik gebéit ass.
D'Gréisst vum Adonis gëtt op 0,5 bis 1,2 km geschat.