(216) Kleopatra
|
|
|
|---|---|
| Orbittyp | Haaptceintureasteroid |
| Positioun (Equinoxe: J2000.0) | |
| Grouss Hallefachs | 2,794 A.E. |
| Perihel – Aphel | 2,089 – 3,498 AE |
| Exzentrizitéit | 0,252 |
| Inklinatioun | 13,135 Grad |
| Sideresch Ëmlafzäit | 4,669 Joer |
| Mëttel Bunnvitesse | 17,819 km/s |
| Physikalesch Eegenschaften | |
| Duerchmiesser | 217 x 94 x 81 km |
| Mass | ~3x10 kg |
| Albedo | 0,116 |
| Mëttel Dicht | ? g/cm3 |
| Rotatiounsperiod | 5,385 h |
| Absolut Hellegkeet | 7,3 |
| Spektralklass | M-Typ |
| Entdecker Johann Palisa | |
| Entdeckungsdatum | 10. Abrëll 1880 |
| Aner Bezeechnungen | - |
Den (216) Kleopatra ass en Asteroid vun der Asteroiden-Haaptceinture, deen den 10. Abrëll 1880 vum Johann Palisa entdeckt gouf. Genannt gouf den Himmelskierper no der alegyptescher Herrscherin Kleopatra.
De Kleopatra beweegt sech tëschent 2,0892 (Perihel) astronomesch Eenheeten bis 3,4979 AE (Aphel) op enger exzentrescher Bunn ëm d'Sonn. D'Bunn ass 13,1346° géint d'Ekliptik gebéit, d'Bunnexzentrizitéit ass 0,2521.
D'Radarobservatiounen hunn erginn, datt den Asteroid Kleopatra eng onregelméisseg längelzeg Form huet, an un eng Hondsschanck erënnert. Mat den Ausmoossen vun 217 x 94 x 81 km (+- 25%) gehéiert en zu de gréissten Asteroide vun der Haaptceinture. Wéinst der staarker Reflexioun vun de Radiowellen gëtt ugeholl, datt et sech beim Kleopatra ëm en differenzéierten Asteroid mat engem Eisen-Néckel-Kär, engem silikatesche Mantel an enger silikatescher Kuuscht handelt. Déi baussenzeg Uewerfläch ass méiglecherweis aus dem Mineral Enstatit opgebaut, engem Material, aus deem och eng Grupp vu Steemeteoriten (Enstatit-Chondrit) besteet [1].