(221) Eos
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| (221) Eos | |
|---|---|
| Orbittyp | Haaptceintureasteroid |
| Positioun (Equinoxe: J2000.0) | |
| Grouss Hallefachs | 3,012 A.E. |
| Perihel – Aphel | 2,701 – 3.322 AE |
| Exzentrizitéit | 0,103 |
| Inklinatioun | 10,888 Grad |
| Sideresch Ëmlafzäit | 5 Joer 83 Deeg |
| Mëttel Bunnvitesse | 17,162 km/s |
| Physikalesch Eegeschaften | |
| Duerchmiesser | 104 km |
| Mass | ? kg |
| Albedo | 0,140 |
| Mëttel Dicht | ? g/cm3 |
| Rotatiounsperiod | 10 h 20 min |
| Absolut Hellegkeet | 7,67 |
| Spektralklass | S |
| Entdecker Johann Palisa | |
| Entdeckungsjoer | 18. Januar 1882 |
| Aner Bezeechnungen | |
Den (221) Eos ass een Asteroid vun der baussechter Haaptasteroidenceinture, deen den 18. Januar 1882 vum Johann Palisa am Universitéits-Observatoire zu Wien entdeckt gouf.
Den Himmelskierper krut den Numm vun der Eos, Gëttin vum Sonnenopgang aus der griichescher Mythologie.
Den Eos beweegt sech an engem Ofstand vun 2,701 (Perihel) bis 3,322 (Aphel) astronomeschen Eenheeten an 5,227 Joer ëm d'Sonn. D'Bunn ass 10,9° géint d'Ekliptik gebéit, d'Bunnexzentrizitéit ass 0,103.
Den Eos huet en Duerchmiesser vun 104 Kilometer. Hie huet eng relativ hell, silikaträich Fläch mat enger Albedo vun 0,140. A ronn 10 Stonnen a 26 Minutte rotéiert den Asteroid ëm seng eegen Achs.