(225088) 2007 OR10

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Asteroid (225088) 2007 OR10
(225088) 2007 OR10
Orbittyp Transneptuneschen Objet
Scattered disk object (SDO) oder
RKBO (10:3-Resonanz)
Positioun (Equinoxe: J2000.0)
Grouss Hallefachs 66,9519840 A.E.
PerihelAphel 33,3396912 – 100,5642768 AE
Exzentrizitéit 0,5020358
Inklinatioun 30,81183 Grad
Sideresch Ëmlafzäit 547,84 Joer
(200.098,9378081 Deeg )
Mëttel Bunnvitesse  ? km/s
Physikalesch Eegeschaften
Duerchmiesser 1280 ± 210 km
Mass ≈ 1,81  1021 kg
Albedo 0,185 +0,076/−0,052
Mëttel Dicht ≈ 2,0 g/cm3
Rotatiounsperiod  ?
Absolut Hellegkeet 1,9 mag
Spektralklass Rout
Entdecker M. E. Schwamb,
Michael E. Brown,
David L. Rabinowitz
Entdeckungsjoer 17. Juli 2007
Aner Bezeechnungen

(225088) 2007 OR10 ass e groussen transneptuneschen Objet, deen als SDO oder als RKBO anzeklasséieren ass. Dësen Asteroid an Zwergplanéit-Kandidat ass dee gréisste Kierper an eisem Sonnesystem deen nach keen Numm huet.

Entdeckung a Benennung[änneren | Quelltext änneren]

(225088) 2007 OR10 op enger Precovery-Foto vun 1991.

Den Asteroid gouf de 17. Juli 2007 vun engem Astronomenteam am California Institute of Technology zu Pasadena entdeckt. D'Entdeckung war am Kader vun enger Sich no neien Objeten an der Regioun vum Sedna als Deel vun der Dokteraarbecht vum Meg E. Schwamb, deen zu där Zäit Akademiestudent beim Mike Brown war, erfollegt. De Brown huet dem Asteroid de Spëtznumm "Snow White" (Schnéiwittchen) wéinst senger (ugehollener) wäisser Faarf ginn, well no senger Meenung den Objet zimlech hell misst sinn, datt säin Team hie fonnt huet. Allerdéngs huet sech erausgestallt, datt den Asteroid eng staark roudelzeg Uewerfläch huet, wouduerch den Numm net méi gepasst huet. 2007 OR10 war déi siwent Entdeckung vun engem groussen TNO a wahrscheinlechen Zwergplanéitkandidat vum Astronomenteam ëm de Mike Brown, déi schonn de Quaoar, de (2002), Sedna (2003), den Haumea an den Orcus (2004), souwéi de Makemake an den Eris (2005) entdeckt haten.

D'Entdeckung gouf offiziell de 7. Januar 2009 bekannt gemaach. DEn 2007 OR10 ass am Ament de gréisste bekannten Objet am Sonnesystem ouni Numm. Am August 2011 huet de Brown am Internet matgedeelt[1], datt hie genuch Informatiounen iwwer den Asteroid huet, fir datt en Numm ka kréien. Duerch d'Entdeckung vu Waasseräis an der Méiglechkeet vu Methan ass den Objet interessant fir weider Fuerschungen.

Bunneegeschaften[änneren | Quelltext änneren]

D'Bunn vum 2007 OR10 (giel) am Verglach zu deene vun Eris (gréng) a Pluto (rosa) souwéi de Riseplanéiten.

Ëmlafbunn[änneren | Quelltext änneren]

2007 OR10 ëmkreest d'Sonn op enger prograder, héichgradeg elliptescher Ëmlafbunn tëscht 4.987.547.000 km (33,339 AE) an 15.044.202.000 km (100,564 AE) Ofstand zu där hirem Zentrum. D'Bunnexzentrizitéit ass 0,502, d'Bunn ass 30,811° géintiwwer der Ekliptik gebéit.

D'Ëmlafzäit ass 547,84 Joer oder 200.098 Deeg, 22 Stonnen, 30 Minutten an 26.6 Sekonnen. Si ass vergläichbar mat der Ënlafzäit vum Zwergplanéit Eris (560,9 Joer).

Bunnresonanz[änneren | Quelltext änneren]

D'Deep Ecliptic Survey weist d'Ëmlafbunn an enger 10:3-Resonanz mam Neptun, déi allerdéngs bis elo nach net onofhängeg geséchert ass; et kéint sech och ëm eng No-Resonanz handelen. An éischt Fall wier 2007 OR10 domat en Resonante KBO (RKBO). De Minor Planet Center klassifizéiert den Asteroid dogéint als Scattered disk object (SDO), wouduerch och déi eendeiteg Glidderung ausbleift.

Distanz[änneren | Quelltext änneren]

1856 hat den 2007 OR10 säi Perihel. De 24. August 2012 war den Asteroid an Oppositiounspostioun an 85,635 AE vun der Sonn ewech. Dës mécht hien nom Eris (97 AE) an dem Sedna (87 AE) zum, géigewäerteg, drëttwäiteste groussen Objet am Sonnesystem. 2013 iwwertrëfft hien an der Distanz de Sedna, 2045 souguer Sedna an Eris an ass domat deen Objet, deen am wäitsten ewech ass (wann net bis dohin nach en aneren Objet fonnt ginn ass). Säin Aphel huet den 2007 OR10 am Joer 2130. Am Ament ass den Objet vun der Äerd aus gesinn ongeféier an der Richtung vum Galakteschen Zentrum[2].

Physikalesch Eegeschaften[änneren | Quelltext änneren]

Gréissteverglach vun de gréissten TNO's.

Gréisst[änneren | Quelltext änneren]

Et geet ee vun engem Duerchmiesser vun 1280 km aus, wouduerch 2007 OR10 am Sonnesystem no Gréisst déi 26. Plaz anhëllt. Hie wier domat eppes méi grouss wéi de Plutomound Charon (1212 km) an eppes méi kleng wéi d'Zwergplanéiten Eris, Haumea an Makemake (all ëm 1400). Well 2007 OR10 bis elo nach net genee vermooss konnt ginn, bleift allerdéngs nach eng Onsécherheet bestoen. D'Date reeche bis elo vun 875 bis 1420 km Duerchmiesser, trotzdeem misst 2007 OR10, ausgoend vun der Absoluter Hellegkeet vun 1,9m (Visuell Magnitude 21,3m) an enger Albedo vun 0,185, eng maximal Ausdehnung vun ongeféier 1200 km hunn.

Opbau vum Kär[änneren | Quelltext änneren]

Nom Entdeckerteam vum Mike Brown besteet den Opbau vum 2007 OR10 wahrscheinlech aus engem Kär aus Gestengs, mat engem décke Mantel aus Waasseräis. No Berechnungen huet hien eng Dicht vun 2,0 g/cm3.

Kënschtleresch Usiicht vun der Uewerfläch.

Uewerfläch[änneren | Quelltext änneren]

Spektral Ënnersich weisen op Iwwerflëss vu Waasseräis hin, weiderhin weise spektral Spuren op Methan hin, déi sech a Form vun enger dënner Schicht gefruerenem Methan vu staark roudelzeger Faarf iwwer den Äismantel zitt. Déi rout Uewerfläch mécht e staarke Kontrast zum ville Waasseräis. An dëser Zesummesetzung weist 2007 OR10 Ähnlechkeet mat där vum Quaoar op.

Trotz senger ufänglech héich ugehollener Hellegkeet ass den 2007 OR10 dat fënnefthellst transneptunescht Objet, an ass mat 1,9m eppes méi donkel wéi de Sedna (1,6m) an eppes méi hell wéi den Orcus (2,3m).

Zwergplanéit-Kandidat[änneren | Quelltext änneren]

2007 OR10 huet keen eegene Mound. De Mike Brown hat zweemol mat dem Hubble-Weltraumteleskop gesicht. Dofir léisst sech seng Mass net direkt berechnen (→Dräikierperproblem), fir sécherzestellen datt den Asteroid am Hydrostatesche Gläichgewiicht ass – d'Haaptkriterium fir en Zwergplanéit. D'Mass gëtt ausgoend vun Hellegkeet an Albedo awer op 1,81  1021 kg geschat an et ass dovun auszegoen, datt 2007 OR10 unhand vu sengen Daten d'Critèren erfëllt an als Zwergplanéit agestuft gëtt.

Fuerschung[änneren | Quelltext änneren]

No senger Entdeckung huet sech 2007 OR10 op Fotoe bis an d'Joer 1985 zréck datéiere gelooss a sou seng Ëmlafbunn berechne gelooss. Zanterhier ass den Asteroid duerch verschidden Teleskope wéi den Hubble- an de Kepler-Weltraumteleskop an och vun äerdgebonnen Teleskope wéi de Keck- an de Mount Palomar-Observatoire observéiert ginn [3] (Stand Sept. 2012).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spawck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]