(2309) Mr. Spock

Vu Wikipedia
(2309) Mr. Spock
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Haaptceintureasteroid
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 3,0143 A.E.
Exzentrizitéit 0,0884
Sideresch Ëmlafzäit 1912,46 Deeg
Mëttel Bunnvitess 17,14 km/s
Inklinatioun 10,9816 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 21,29 km
Rotatiounsperiod 6,722 h
Albedo 0,1177
Absolut Hellegkeet 11,30M
Entdeckung
Entdecker J. B. Gibson
Entdeckungsdatum 16. August 1971
Plaz Astronomesch Ariichtung Leoncito
Aner Bezeechnungen 1971 QX1, 1935 SN1, 1948 EJ1, 1956 TL, 1974 CU, 1977 SF3


Den (2309) Mr. Spock ass en Asteroid vun der Haaptasteroidenceinture, a gouf de 16. August 1971 vum James Gibson entdeckt.

Eegenschaften[änneren | Quelltext änneren]

De Mr. Spock beweegt sech op enger Distanz vun 2,7523 (Perihel) bis 3,2782 (Aphel) astronomesch Eenheeten a ronn 5,24 Joer ëm d'Sonn. D'Bunn ass 10,975° géint d'Ekliptik gebéit, d'Exzentrizitéit ass 0,0872.

De Mr. Spock huet en Duerchmiesser vu ronn 21 Kilometer a seng Albedo gëtt op 0,1177 geschat[1].

Vu wou kënnt den Numm?[änneren | Quelltext änneren]

Den Asteroid krut säin Numm no der Kaz vum Entdecker, déi hirersäits den Numm no der Star-Trek-Figur “Mr. Spock” genannt war[2]. D'Benennung huet dozou gefouert, datt d'International Astronomesch Unioun, déi d'Nimm vun Himmelskierper autoriséiert, e Passus an hir Reegele fir d'Benennung vun Asteroiden opgeholl huet, datt Hausdéierenimm net méi erwënscht sinn[3].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. (en) JPL Small-Body Database Browser: 2309 Mr. Spock (1971 QX1)
  2. (en) n Name those asteroids - "In Our Skies" (13. Februar 1998)
  3. (en) IAU: How Minor Planets are named