(243) Ida
| (243) Ida | |
|---|---|
Asteroid Ida mam Mound Dactyl |
|
| Orbittyp | Haaptceintureasteroid |
| Positioun (Equinoxe: J2000.0) | |
| Grouss Hallefachs | 2,8612 A.E. |
| Perihel – Aphel | 2,7296– 2.9928 AE |
| Exzentrizitéit | 0,0460 |
| Inklinatioun | 1,1375 Grad |
| Sideresch Ëmlafzäit | 4 Joer 306 Deeg 8 Stonnen |
| Mëttel Bunnvitesse | 17,61 km/s |
| Physikalesch Eegeschaften | |
| Duerchmiesser | 59,8 x 25,4 x 18,6 km |
| Mass | 4,12 × 1016 |
| Albedo | 0,238 |
| Mëttel Dicht | 2,5 g/cm³ |
| Rotatiounsperiod | 4 h 38 min 2 s |
| Absolut Hellegkeet | 9,94 |
| Spektralklass | S-Typ |
| Entdecker Johann Palisa | |
| Entdeckungsjoer | 29. September 1884 |
| Aner Bezeechnungen | |
Den (243) Ida ass en Asteroid vun der Asteroidenhaaptceinture, deen den 29. September 1884 vum Johann Palisa am Observatoire zu Wien entdeckt gouf.
Den Ida ass en onregelméisseg geformte Kierper. Seng Uewerfläch ass hell a silikaträich.
Den 28. August 1993 ass d'Raumsond Galileo beim Asteroid op enger Distanz vun 10.500 km passéiert an huet CCD-Fotoen op d'Äerd geschéckt. D'Fotoe weisen een onregelméisseg geformten Himmelskierper, (kuckt d'Foto riets) dee vun Aschlagskrateren iwwerséit ass. Grouss Deeler vum Asteroid si vun enger Stëbsschicht, dem Regolith, bedeckt.
Et huet sech weiderhin erausgestallt, datt den Ida vun engem klengen natierleche Satellit ëmkreest gëtt. Dësen nëmmen 1,4 km grousse Mound krut den Numm Dactyl, a war den éischten Asteroidemound deen observéiert gouf.
Kuckt och [änneren]
| Commons: 243 Ida – Biller, Videoen oder Audiodateien |